Salut!
Bei dengem Bild daaste lo ropgelued hues, hunn ech geduecht: "Ey, eng nei PG-Userin"...an waat gesinn ech hei? Du bass baal 2 Joer hei (do sinn ech nach weit dervun ewech )..Majo, flott Kamera hueste an bass an engem super Mount gebuer :P An emmer schein un den Fotoen schaffen, ech fannen du hues well eng Iddi, wou deng Fotoen sollen hinner (ech hoffen du verstees mech ) an daat ass emmer gudd .
Chu
Hey,
du has mir eng kéier en Tipp ginn fir meng Foto vum Holokaust zu Berlin nach ze veränneren. Wanns de wëlls, kanns de eng ker op http://www.photogen.lu/index.php?page=view_photo&id=27906 goen, do misst du dann resultat gesinn. Ech fannen datt duerch déi 2. nach eng besser atmosphere riwwer kennt an sou... Op allefall merci fir de feedback
Endlech ass et sou wäit - De Studio vun Photogen gëtt opgemaach, an dofir feieren mer dës kleng Erëffnung och. Dëse Sonndeg um 5 Auer geet et lass, zu Jonglenster am Centre Culturel. Dir kritt de Sall ze gesinn an och d' Basis vum Material gëtt kuerz erklärt fir déi déi nei am Studioberäich sinn. Ausserdem ginn zwee Workshops firgestalt déi an den nächste Wochen sinn, an fir z'Iessen an ze Drénken ass natirlech och gesuergt. Och gëtt dann erklärt wéi dat geet fir de Studio gelount ze kréien als Clubmember.
Et ass jiddereen häerzlech invitéiert, net nëmmen d' Clubmemberen.
Hei ass nach de Link op eng Kaart wou Der gesidd wou eise Sall ass: http://club.photogen.lu/clubsall.php