Charel_L
Jungspund
Dabei seit: 08.01.2010
Beiträge: 18
|
|
Ilford Film Markeirungen? |
|
Salut,
Deslescht huet mei Papp eng Zeiss Ikon Super Ikonta C (1934) aus Argentinien matbruet an ech hun en 120er Ilford HP5 Plus (400 ASA) dafier kaaf.
Ech hunn en lo dra gema, mee ech wees lo net wou d'Markeirunge sinn?!
Ech hunn den Film ageluet an soulang gezunn bis den eichten Pfeil fun uewen bis ennen komm ass, dono weider bis ech dat eicht Simbol an der 6x9 Fenster gesinn hunn. Lo kann ech dat awer net erkennen, well een just en klengen Eck do geseit. Ech kann also net erkennen, watfreen Zeechen dat ass. Et geseit aus wei dei ennescht Kannt fun engem Quadrat o.ä.
Wann een mer vieleicht keint soen, wei d'Markeirungen kommen (1 Pfeil, 2 Pfeiler?, wei deck dei Nummeren sinn etc), dat wier leif.
Well et quasi den eichte Modell ass, sin dei 2 Fensteren hannen an der Kamera net an der Mett oder ennen wei bei deen mei neie Modeller, mee uewen, ennert dem Sucher. Evt kann ech nach eng Foto roplueden.
Merci villmols schon am Vieraus,
Charel
|
|