HDR, ganz einfach. | |
Bei HDR ginn aus puer Photoen aus enger Beliichtungsreih (sälwëcht Photo mat ënnerscheedlëchen Beliichtungszeiten) eng Photo zesummen gesaat, déi dann méi eng héich Dynamik huet. Eng genee Erklärung fir HDR, High Dynamic Range kann een bei Wikipedia noliésen. Am Photoshop ënner File/Automate/Merge to HDR... ginn déi eenzel Biller aus enger Beliichtungsreih ausgewielt. Den Set White Point Preview bauch nët geännert ze ginn, daat gët dono gemaach, lo einfach op OK drecken. Lo geet ett ënner Image/Mode/16 Bits/Channel... weider. Bei der Fënster déi opgeet gët Local Adaptation ausgewielt. Sou gesäit een ënnen Toning Curve an d'Histogram. Dann gett den lenken Punkt vun der Diagonal op den Unfang vum Histogramm verschiebt. Lo gesäit d'Bild schon vill besser aus. Lo brauch just nach den FineTuning gemaach ze ginn, andeem d'Kurve bessi ëmgeform gët, z.B. an S-Form, eben sou wéi ett am bäschten gefällt. Wann ett gudd as OK drecken. Mir sinn awer nach net ganz färdeg, als nächst gët d'Photo nach op Image/Mode/8 Bits/Channel gesat. Gegebenenfalls muss d'Photo nach ausgeriicht ginn, wann se kippen giff, an/oder villeicht en Ausschnëtt gecropt (ausgeschnidden) ginn an dann sinn mir schon färdeg. |