Eng Foto schärfen ouni un Px rappen ze goen | |
1) Du mechs deng Foto ganz normal am Photoshop op. An desem Fall meng Kaatz den Picasso, den relativ schweier schaarf ze kreien ass. 2)Duerno aastells du der eng Kopie vun denger Ebene. Desen Befehl fenns du enner: Ebenen -->Ebene dublizieren" 3)Vun elo un schaffs du nemmen mei mat denger Kopie dei's du elo graad gemaach hues. Iwer dei Kopie get elo en "Highpassfilter geluecht" Deen fenns de enner "Filter-->Sonstige Filter-->Highpass" 4)Hei soll een elo en Radius anstellen. Weivill Radius een hellt hängt vun Foto zu Foto of. Gudd Resultater kritt een mat engem Radius vun 1Px bis Max 5 Px. An menegem Fall setzen ech +/- 5Px an an drecken "ok" 5)Duerno sollt dain Bild esou ausgesin: 6)Dann änners du "d'Füllmethode" dei's du an dem "Ebenenfenster" fenns ob "Überlagern" 7)Dain Bild ass elo geschärft gin, ouni dat PS Pixelen dobai bzw ewechgerechnet huet. Iwerpreif et andems de op d'Aansymbol lenks vun denger Ebenenkopie" klicks. Virdrun: an elo: Hei ass den Ennerscheed elo net esou flagrant, well d'Biller nemmen 750Px x 600Px hun, mee probeier et aus, du waers den Ennerscheed doheem gesin. Wann et der dann nach net mat der Schärft duergeet, kanns du deng Foto nach emmer mam "Unscharf Maskierenfilter" weider schärfen. Desen Trick ass natirlech net op menger Mescht gewues. Et wor den Focus den mer en gewisen huet. Decken Merci un hien. |