Wat an der real existéierender Wierklechkeet net riicht ass, kanns du net riicht béien. A vergiess ni, datt riicht ee relative Begrëff ass, an datt et schonn eng Leeschtung ass vun der Optik, fir mat ronne Glieser, déi konvex a konkav hannertenee geschalt sinn, Lignes droites iwwerhaapt telles quelles ofgebillt kënne gi.
... an awer, du kenns dach bestemmt déi Situatioun wanns de un engem Kneppchen dréins an 1 nm (ech iwwerdreiwen nees maasslos) no riets ze mann an 1 nm no lenks zevill ass ...
Hues du ee Brëll? Wa jo, da vergiess et. Do kanns du déch uleeë, wéi's du wëlls, sou ee "Sehkraftverstärker" soll jo eng Krëmmung vun der Netzhaut kompenséieren, oder sou... Ma dat funktionnéiert just beim Optiker, wanns du de Brëll umooss, wanns du aus dem Geschäft raus bass, dann ass de Brëll schon no vir gerutscht an dann ass de Focus scho falsch.
et ass zwar och net emmer evident, virun allem wann ech bei Sport well Photoen maachen stin ech oft ouni Brell do oder kucken mier den Match duerch d'Kamera un bis ech dann nees knipsen, mä bon dann kann ech dono um PC d'Wiederholung kucken
Also um Cercle hun ech mir och schon Zaenn oofgebass. De Problem ass eben dass Place des Armes oofschesseg ass. Ech gesin hei eng ganz gudd gemeeschterten Opnaam wou ech am Fong näischt krommes gesin. Gudd geschafft. An dei Persoun am Agang ass fir mech den Teppel um I.
Eng Top Foto.De Bléck gëtt op den Här an der Dir geleet,den net an d'Bild kuckt mee no lenks, wo de Betruechter dann och hi kuckt. Ganz gudde Bildopbau, an déi vill Nuancë vu Schwaarz bis Weis bestëmmt 9 bis 10 Zonen.
ech hun et mat dëser Foto an enger s/w Versioun vun "D'Schotten sin dicht" (hei gepost den 06/11/2022) an d'Auswahl vum der 4 Woch Oktober bei desem Photo Challenge gepackt.