Vun deem Moment u, wou een ee Kommentar schreift, kënnt lénks ënnert der Foto een Onglet bäi "An d'Wochefoto" oder sou änléch. Ausser de Fotograf huet beim Roplueden déi Funktioun refuséiert.
Bon, bei enger Serie kanns de awer nemmen déi ganz Serie an d'Wochenofstemmung wielen. Wann dir awer nemmen eng gefällt (bei mir als Symetriefanatiker wir et d'Titelfoto gewiescht) dann gett et schwiereg.
Bei enger Serie huelen ech meeschtens och just d'Titelfoto, also nët onbedingt di éischt aus der Serie, mais déi, di grouss op der Startsäit ugewise gëtt. A wann déi méch nit iwwerzeecht, da wielen ech se nit, och wann eng aaner aus der Serie duerchaus Potential wir d'WF hätt.
Onverkennbar ee "gemu". Den Tom huet et resuméiert an op de Punkt bruecht. Par conter, mir gefällt di 3. am beschten. Déi "Marquise" virun der Gare huet fir méch, architektonesch gesin, awer nach e puer Pluspunkte méi, wéi déi geschwonge Konstruktioun op de Quaien.