Dat war deemols di klassesch Kombi 5D Mk2 mat 17-35mm, sou wéi bei mir D700 mat 24-70, f/2,8. A wann een dann di Quali vun dénger Foto kuckt, da brauchen séch di Highend-Kameras vun deemols nit ze schumme vis-à-vis vun deene vun haut.
Wonnerbar Grotéin a knackeg Schärft! Eng zäitlos Foto, Georges!
De Vulkan aus dem Wallis, soulaang e kee Feier späitzt. Jo, ech wor super zefridden mat daer Kombi hu se vekaaft fir Gewiicht ze spueren mee déi Rechnung ass net opgang zemols wann ech mat der Hasselblad ennerwee sin hun ech Iwergewiicht. Merci Nico fir deng appréciatioun
Wees du wat frustrant ass: datt sou ee klengen Alpeséi, wou ee mat vill Ustrengung ropgewandert ass, voller klenger Wellen ass, well eng Lëftche bléist.
(Ok, bei de Riffelséi geet ee vum Gornergrat erof, wann ee mat der Bunn ropgefuer komm ass. Mais duerno misst ee jo awer neess rop bis bei d'Gare, et sief dann, et geet ee weider rof op d'StatiounRotenboden oder Riffelberg...)