Wéi ëmmer! Schéin Szenen an och gudd kontrastéiereten S/W. Mais eppes muss ech awer lo maulen hei: Op der läschter Foto vun der neier Bréck häss du kéinte warde, bis den Hop-Bus entweder méi a Richtung Gare ënnerwee war oder bis e ganz vun der Bréck rof war. Sou hannert de Fändelsstaange verstoppt stéiert méch dat als deen, dee bei deenen aaneren all Klengekeet gesäit, awer selwer di graffste Fotografiefeeler als Konscht verkaafe wëllt... .
Merci Nico, ech gin dir absolut recht et huet mech och gestéiert scho bei der Foto déi ech elo als Ersatz eropgelueden hun wëll do di déck Stang de Bus bessi verdeckt - mee bon 1 bémol kréie mer nach hin mee 2 Fändelstangen virum Bus ass 1 bémol ze vil -, natierlech als Brëlledréier um Messucher op 28mm ass net evident ze cadréieren op de Ränner wëll bei der Ersatzfoto (di aktuell Versioun) huet de Cadrage ënnen am Krees (ugeschnidden) gelidden. Il faut faire un choix, an ech mengen deen hei ass définitiv besser a si frou fir dain konstruktive Kommentar. Ech hätt et jo misse wëssen, wëll wéi ech mat engem PG-Frënd op trainspotting wor huet dejéinege mer nach erklärt dat een onbedengt op d'Potoe sous peine d'élémination muss uechtgin, et voilà de Schöler haat net genug opgepasst da kascht et elo Punkten
Ech ka mech bal ëmmer nëmmen widderhuelen, an déi exzellent Qualitéit vun dengen architektonesche Bauwierker aus der Stad bewonneren. Den diagonalen Opbau an all Bild, an en plus ee gutt gewielten Virgrond suergen fir déi néideg Déift.
E Genoss fir ze kucken!