Ech wëll äer Meenung.
Ech géif dës Foto gären op enger Kaart printe loossen, si mer awer nët sécher op de Schiet nët zevill stéiert. Hei ass eng éierlech Meenung erwënscht ;)
Merc i Laurent fir d'Ausléinen vun déngem Makro!
Am Fong ass di Phalenopsis-Bléi do richteg schéin a vun der Schärft a Beliichtung um Ecran optimal. Wéi dat elo op Photopabeier gëtt, dat muss ee gesin. De Schied ka stéiere, muss awer net. Well ouni däi Kommentar ass dat mir op den éischte Bléck mol guer net opgefall. Mais fir e fort ze maache gëtt et jo awer Méigléchkeeten:
1. Du kopéiers d'Foto op 2 Ebenen an da probéiers du entweder op der Ebene, déi den Ënnerbau soll gin de Schied wechze maachen oder en op di ganz lénks Halschent ze verdeelen.
2. Du schneids dee lénksen Deel bis do, wou de Schied ënnen am Kader lénks ufänt raus, méchs ee wäissen Hannergrond duer a schreifs een Text do dran.
Villmols Merci Nico, déi Variant mam Schied op déi ganz lénks Halschemt ze verdeelen, klengt gutt. Ech probéieren dat och mol aus. Text kënnt keent dra, et gëtt eng duebel Kart an dee kënnt "bannendran".