Deemols, an der Faaschtenzäit virun Ouschteren 2018, wosst een nach nët, datt zwee Joer duerno et eng verlängert "Faaschtenzäit" vun uewen rof veruerdent géif gin... An d'Spatzen an der Heck hun näischt dovunner matkritt... a si fléien a friessen a gi gefriess wi zu allen Zäiten...
Hallo, Jo-elle, wëllkomm op PG. Déng éischt Fotoe si jo scho mol villverspriechend an ech (mir) freeën méch (eis) op schéin an interessant Fotoe an flott Diskussiounen iwwert d'Fotografie asw...
Nee! Ech hu just gestëpelt... Ech sin heiansdo zevill virlaut.
Et ass awer gudd, datts du déch dodrun erënnert hues an de Lonk gemaach hues. Sou kann all Mënsch hei noliesen, datt di übléch Verdächteg schon deemols ganz %u201Eintellektuell%u201C Kommentarer geschriwwen hun...
Ech hun et e bësse mam Zora hei, awer fannen dem Nico séng Reflexioun héichst intressant (hun ech eréischt réaliséiert wéi ech drop geklickt hun).
Absolut gutt däi Standpunkt!
D%u2019Latiniste sin hei zwar am Virdeel, mais et steet jo awer och eng Iwwersetzung niewendrun, déi een effektiv réischt gelies kritt, wann een d%u2019Foto am Grousse kuckt.
Ech sin zwar Latinist, mee hun hei awer de Lien eréischt durech den 'Dimanche de Carême' uewen gemacht, well d'Geschicht mam Spatz sengem Nascht hätt ech nët mat Faschtenzäit a Verbindung bruecht.