Ech sinn ëmmer nees op en Neits begeeschtert vun der Qualitéit vun dem iwwer 60 järegen Solinar op denger Isolette II.
E bësse Grain mäi herrlech Tounwärter, sou wéi een dat vum Tri-x hier kennt, hei am Bild gutt ëmgesat a schéin douce presentéiert.
TOP Georges!
Merci fir deng appréciatioun Marc, ech sin och bei all Film op en neits erstaunt iwert d'Resultat an d'Leeschtung vun der klenger Knips kaum ze gleewen, et ass wéi de Nicon07 et bei enger Foto mat der Agfa Isolette ganz treffend formuléiert huet; "Wann ee bedenkt, wat sou kleng "Kontaktlënsen" alles drop haten an nach hun... Et brauch also net ee "Faass mat 14 Fläschebiedem" ze sin".
Effektiv hu mir an der Läscht ëmmer zimmléch stark op scharf Kontraster insistéiert, mais dat muss net ëmmer gudd sin. Bei sou Suletë wi hei, ass manner méi.
Ech hu meng bei "Certo6" kaaft ee Spezialist fir aal Falteren. Hei en link op säi Site, mat e puer expilcatiounen iwer di verschidden Ausféierungen vun der Isolette