Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

d'Kapell..

d'Kapell..
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    05.10.2020
  • Gekuckt:
    83881
  • Favoriten:
    1 (Wen?)
  • Kommentarer:
    24
  • Beliichtungszäit:
    1/100 sec
  • Blend:
    f 9
  • Brennwäit:
    50 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    - 0,7 EV
  • Gréisst:
    1600x1065
  • Späicherplaz:
    1525 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=90843]
Kommentar vum Fotograf:
..vu Gletsch, am Reen. Wallis am Hierscht.
rosch-m 05.10.2020 - 15:11
Schein duergestallt an eng scheinen kontrast
marker 07.10.2020 - 09:19
Merci fir däi Kommentar rosch-m, dat freet mech.
Paul-H 05.10.2020 - 19:33
E wonnerbart Motiv waats de hei super cadréiert hues.
marker 07.10.2020 - 10:24
Ech hat nach eng zweet Variant, ..méi een héijen Standpunkt a Wäitwénkel, woubäi ech mech fir den Upload hei um Site awer fir d'normal Brennwäit décidéiert hun.
Merci Paul, a mech freet et dat d'Bild gefällt

Paul-H 07.10.2020 - 11:28
Also déi zweet Variant huet zwar och säin Charme, besonnesch wéinst dem Floss deen do laanscht leeft. Et war secher net einfach eng Décisioun teschent deenen zwou ze treffen.
marker 07.10.2020 - 19:34
Du seess et, ech hu mech effektiv hei schwéier gedoen a gezéckt, ..d'Standard Vue mat 50 Millimeter Brennwäit huet mech schlussendlech trotzdeem méi iwwerzeegt.
Nicon07 08.10.2020 - 18:30
Näischt hënnert déch drun, fir an e puer Wochen, wa kee méi di Foto hei "um Schierm" huet, di aaner och nach ropzelueden... closed_eye
marker 10.10.2020 - 11:42
Deng Iwwerleeung ass emol net esou verkéiert, et handelt sech zwar em een an dat selwecht Motiv, d'Vue an de Bléckwénkel variéieren dach eenegermoossen.
THX. fir den Tip Nico.
gemu 11.10.2020 - 15:53
Gefällt mer och excellent deng 2. Versioun a frée mech schon op den upload an e puer Wochen
marker 13.10.2020 - 10:59
Ech wärt dat sécherlech machen, Merci Georges.
Nicon07 05.10.2020 - 22:00
Do fällt mir grad ee Passage aus dem neien Testament an: Du bass de Fiels, op deen ech méch Kiirch bauen.

Woubei, hei ass d'Kirch niewent dem Fiels... closed_eye
marker 07.10.2020 - 10:26
Gleef mer Nico, dës steet och op Fiels, ..dees hu se hei räichlech closed_eye, och wann een et net op der Foto gesäit.
Merci villmols fir däi Kommentar.
gemu 06.10.2020 - 09:24
Do weilt ech elo sin egal wéi d'Wieder ass, mee mir däerfen jo an den nexten Méint a Joeren néierens méi hin. Da genéissen ech eben deng wonnerbar Schlechtwiederfoto mat der schéiner Vue um groussen Ecran.
Nicon07 06.10.2020 - 17:36
Mir dierfen dach an d'Schwäiz... Gi mir einfach duer an d'Quarantän sëtzen, a wann déi eriwwer ass, dann hu mir donidde fräi Bunn... Sch... Hei hu mir jo awer nach ee Beruff auszeüben (also ech op alle Fall mol nach)... smile

Mais wat soll ech dir soss äntwerten? Et ass immens frustrant, fir ee sozialt Wiese, wéi mir Mënschen et nun mol ebe vun natur aus (musse) sin, sou zu Ego-Manen forçéiert ze gin...
gemu 06.10.2020 - 20:29
Mam Covid kann a léiert een ëmzegoen, mee dat e puer hännvoll arogant a kräizdomm Politiker weltwäit a besonnesch an Europa an eise Nopeschlänner iwer dat bestëmmen wat mir nach därfen an net daat ass net ze verkraften
marker 07.10.2020 - 10:32
Genee esou..!!
Nicon07 08.10.2020 - 14:37
Deem ass näischt bäizesetzen!

Ech hu lo nach eemol gekuckt, wéi eng Länner a Géigenden an Helvetien op der rouder Lëscht stin... Onméigléch! An dee groussen Absent ass .... D.

(p.s., Mir hun eise Maurice, deen zu Zürich op der ETH ass, zanter dem 15. 9. just iwwer facetime "gesin".)
marker 10.10.2020 - 11:31
Onméigléch ass dee richtegen Ausdrock, mä och déi aus .... D bleiwen awer och net verschount, ab dem Meindeg, 12 Oktober stinn d'Bundeslänner Berlin an Hamburg mat op där ominéiser Lëscht.
marker 07.10.2020 - 10:29
.." do weilt ech elo sin egal wéi d'Wieder ass ", ..ech ebenfalls, mä do ass jo leider am Moment net drun ze denken unhappy
Och an Zäiten vu Covid léisst sech mat gesondem Menscheverstand villes léisen, ..just e bëssen emdenken, ..awer !!!
Ech war ënnerwee aus dem Goms Richtung Oberland, de Grimselpass war kuerzzäiteg gespart an ech dow?inst gezongen eng Zwangspaus anzeléen, ..meng Chance, et huet gereent an ech wär sécherlech lanscht gefuer an hätt domadder dës wonnerbar Zeen verpasst.
Merci fir deng Appreciatioun Georges, an dat och Dir d'Bild geflällt freet mech natierlech.
Nicon07 08.10.2020 - 14:42
A wat sou schlëmm an absurd ass: di läschte Kéier, wéi mir an CH waren, de WE virum 15.9, wou mir eise Maurice op ZH gefouert hun, war do d'Liewe quasi normal. Maske bal néierens, just am öT an an de Geschäfter, an Ophuele vun Numm an Adress am Resto, obschon hir Zuelen du schon an d'Luucht gaange sin. Mais bon! We weess, wéi mir reagéiere géinge, wa mir an der Responsabilitéit stéinge géifen, a mir Hätten deen Drock vu WHO an RKI? Lo soen ech näischt méi dozou. Live and let live.
Paul-H 12.10.2020 - 00:34
Gratuléieren zur wuelverdingten WF!
marker 13.10.2020 - 10:58
Merci villmols Dir, dat freet mech natierlech.
gtaddei1 27.11.2020 - 11:57
d'Atmisohaer ass vollkommen do
marker 28.11.2020 - 11:47
Jo, et freet mech. Merci Dir!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 270 Gäscht online