Richteg flottt durgestalt Nico, dezent mat den neien modernen Elementer an enger gelongener Verarbechtung kombinéiert, ech hu mer ëmmer Gedanke gemach wéi ech di aal Post am beschten kéint ofliichten fir meng Sammlung éier dru gebastelt get, et voilà esou hätt et missen sin.
Da hui mir lo neess ee Gläichstand: sou wéi ech bei déngem "Stater Tram" méng Absicht, fir di farwég Prabbelien do beim LRSL ze fotograféieren, rëmfonnt hun, sou hues du dann hei déng Iddi a ménger Foto vun der Post rëmgesin...
Wanns du nach e bësse warts, da si se nach méi wäit mam Tramschantier, an da kann een nach besser vun der neier Aldringerplaz aus knipsen. Oder du muss dir fir dës Foto ee 24mm Tilt Shift Objektiv léinen. Ech hun nämléch misse mam Lightroom di ganz Saach ausriichten.