Kommentar vum Fotograf:
Hei ass eng vu menge perséinleche Lieblingsfotoen aus enger laanger Nuecht. Vu datt d'Aktivitéit héich gemellt war, si mer owes schonn op eng éischt Plaz gefuer fir der ze gesinn. Nodeem déi éischt schonn net schlecht waren si mer awer nach op eng aner Plaz gefuer, wou dunn iergendwann se ganz staark ginn ass. A well mer sou beschäftegt waren dermat Fotoen ze maachen, mer awer och um 5 Moies hu musse fort fir op de Fluchhafen, hu mer déi Nuecht net geschlof. Mee et war absolut der wärt.