Merci Rob, däi Komentar freet mech natierlech ze liesen.
Recht hues de, d'Plaatz as wirkeleg immens flott, just s..geféierlech an ustrengend fir bis erof op den Niveau vum Waasser ze kommen. Um Bord vum Waasser kënn's de net weider, d.h. all Kéiers nei erop an nees erof kloteren fir e puer Meter méi wäit kënnen e Bild ze machen.
Jep, du hues et richteg erkannt, ech war hei a mengem Element, well fir mech eng fotografesch Spillwiss. Ech hun dës phantastesch Schlucht an denen leschten Joeren e puer mol opgesicht, allerdings nach nie esou faarweg erliéwt ewéi dës Kéier.
Däi Komentar huet mer Freed gemach jorsch, an dofir Merci gesot.
Merci Zora, et freet mech dat d'Bild dir gefällt.
Vill Bea hun ech net gemach, just d'Tounwerter liicht ugehuewen. Durch d'Laanzäitbelichtung entsteet automatesch méi en intensiven a waarmen Bildtoun.
Salut marker, et ass net schwéier deng Fotoen schonn am klengen ze erkennen. De Cadrage an't Waasser wat schéin harmonesch an der Diagonal mam Entourage duerch Fielse fléist! Wéi ëmmer ganz gutt gewisen!!
Eng flott Appreciatioun vu mengem Bild, wou ech natierlech ganz gären liesen.
Merci beaucoup Conley, an svst. freet et mech och dat d'Bild dir gefällt.