Boah!! wei cool ass daat dann??
Denken daat sin Reflektiounen vunn der Fenster dei een doo ronderem dem Zuch gesait.... Super Moment-Opnahm dei ech rischteg gudd fannen, Christian.....
Jo richteg, dei Reflektiounen si vu "méngem Wagon".
Ech konnt mech nach vum Joër virdrunner erënneren dass ech den Zuch do zimmlech flott fonnt haat, an kuerz iert den Zuch ugefuer ass an de Mann sech do gesaat huet do hun ech net gezeckt, Rucksack roof, boîtier raus, fisheye drop, kamera un, deckele roof an daat alles innerhalb vun e puer Sekonnen
Genau, an dat iwert den Kanzel den lichten blur an verleit em Geschwindeschket asw..zieht en richteg eran...och den passenger hätt an senger Hautfarf an Kledungsfarf ned besser keinten sinn hehe
Super Fotoen, besonnesch déi 2. wou een nach virum Waggon endlos an den däischteren Tunnel era gesäit.
De schwaarze Mann mat dem wäissen Hiem am schwaarz-wäissen Zuch wierkt einsam an triste an enger steriler Technik-Welt, deeër hien och nach ausgeliwwert ass.
..enjoy your Switzerland..!! ..eng s..flott Serie, wou déi zweet mech och am meeschten usprecht. SW war hei ee ''Must'' menger Meenung no.
Exzellent gogo..!!
Merci Jacques daat freet mech,
ech hat bei dëser ënnert annerem duebel Gléck mat der Luut.
D'Luut war virun der henneschter Fenster vum Wagon,
domadder ass sou e schéine "Lichtkranz" ëmt de Wagon an e stecht mei ervier, en plus hun ech duerch d'Positioun vun der Luut kéng stéirend Reflektiounen um Haaptsujet.
An Merci fir de Fav! Doriwwer frëen ech mech natierlech ganz besonnesch
Déi hat mech am thumb sécher guer nët ugesprach, wëll ech hat se nët ugeklickt.
Lo, wou se op der rietser Säit steet, sin ech mer se ukucke komm und "hab's für sehr gut befunden". Besonnesch déi 'landscape-Versioun' wierkt super. Félicitatiounen gogo!
Ech hu grad d'Foto nach eng Kéier gesinn an der Lëscht vun de Wochefotoen, an den Titel gelies. Ass vläicht bëssen riskant, mä wir als Titel net "The dark passenger" nach besser? (An Referenz zu Dexter)