Wow, ganz ganz schéin di dooten! D'Stëmmung kennt exzellent eriwwer.
Zwou Saachen:
1) Ass de Buedem do wierklech sou geschwongen oder ass daat deng Lëns di daat sou 'ronn' mecht? Also wanns de verstees waat ech mengen? Vlait kinnt ee mat e bessen geometreschem Ajustement e bessen mi riit zéihen (Lënsenkorrektur am Lightroom)?
2) Wanns de di hell Beraicher nach e bessen méi ophells, dann denken ech wierkt et nach en tick méi surreal well d'Beem dann nach méi erausstiechen.
Awer wi gesot, super dat do, mat di beschten Stuerm-/Reenfoto di ech hei gesin hun bis dato, gudd geschafft!
De Buedem ass do wirkléch sou geschwonge, wéi's du dat nenns. Ech mengen och net, datt d0 eng Lënskorrektur vill drun ännert. A fir et am Photoshop riicht ze béien ass kaum dran, ouni datt d'Gras verpixelt oder onscharf wierkt.
Ech weess och net op nach méi ophellen net een Halo ronderem d'Beem mécht. Mais ee versuch ass et wert.
Iwwregens: Et ass eng farwech an eng Schwarzwäissfoto (mam Silver Effek pro de Roudfilter simuléiert) an da mat Multiply bei 50% di 2 Ebene vermëscht.
Dat war och éischter Zoufall, datt ech haut ënnerwee war. An der läscht hun ech och keng Zäit méi. Mais dofir duerfe mir eis awer elo net de Kapp rof rappen. Et kommen och neess Zäite, wou mir méi Zäit hun!
Mir gefält dës Foto aussergewéinlech gutt. D'Luucht, d'Faarwen, d'Stëmmung, alles passt. Di wäiss Bléie vun de Quetschen an de Schléiwen sinn d'Kiischt um Kuch!
Dat nennt ee Fotografe-Gléck! Super!
Villmols Merci, jorsch! Ech weess dat och ze schätzen, dat Fotografegléck. Ech hun di Foto och schon op DIN-A3 geprint. Do kënnt se nach besser wéi hei um Ecran bei PG.
Hell oder donkel, dat ass alles relativ, well mir jo net di selwécht Ecranën hun. Mäin Apple Cinema Display vu 27 Zoll weist mir des Foto, sou, wéi ech se fannen, datt se am beschten déi Stëmmung remgëtt, wéi ech se erlieft hun. Natiirléch war op der Plaz selwer d'Dramatik net sou intensiv, wéi hei op der Foto. Mais ganz onverschafft ass dest eigentléch eng banal Situation. http://www.abload.de/img/_20120422_2624dsc_111c9un...
Di Dramatik war och in natura ganz flott. Wann ech elo nach dee kaale Wand vu vir an di vereenzelt veriirte Knëpelsteng hei mat eriwwerbrénge kéint....