Wow, eng phantastesch Photo fir méng Begrëffer. Wonnerbar déi Landschaft!!! Harmonesch, berouegend, schéin an de Faarwen, flott dass en déi eenzel Inselen sou genau gesäit, naischt wat iergendwéi stéiere giff am Bild, einfach nëmme super! Fannen wiirklech naischt wou ech eppes drun auszesetzen hätt. Fir mech eng fir an d'Topfotoen, onbedingt!
Wowwww do misst e wunnen, an deem klengen diefchen waat op der rietser sait vun der foto ass. Einfach nemmen genial dei foto do, kann een net aneschters a wieder faaßen. Daat ass wieklech eng topphoto wann den amBesch net scho dofier ugemellt hett, dann hett ech et elo gema
Zur Photo hun ech jo scho genuch geschriwen, eppes aneres ass mer allerdéngs nach opgefall. D'Kategorie wou's de d'Photo dragesat hues passt fannen ech nët wiirklech. Ech gesin éierlech gesot keen Blëtz op der Photo
Setz se bei Sonnenop- & ënnergäng a nach bei Landschaften.
Ech war ë bëssen am Bësch wéi Ech déihei eropgelueden hunn, nom drëtte Versuch wärt Ech wuel bei der Kategorie einfach Enter gedrëckt hunn, Sie sollt awer effektiv bei Sonnenënergäng placéiert ginn.
Villmols Merci alleguer fir äre grousse Luerf (sinn elo bestëmmt 1 Zentimeter gewuess)
Et freet mëch datt Ech dé fotografësche Glëcksmoment hei ka matt ärch deelen, e Mérite sëcherlech vun dem heite Site, dofir och vu menger Sait ée grousse Luerf un d'ganz Equipe vu Photogen déi hei matt grousssëm Asatz dofir suergen datt mer eisen Hobby kënnen zesummen erliewen.
Do as amfong näischt méi besser ze maachen. Wierklech gäil Foto.
Evtl. as d'Sonn e bëssen ze hell hei, d.h. verleeft ze vill. Mee wanns de nach gewart häss da wier wahrscheinlech nët méi genuch Luut do gewierscht an et wier eng ganz aaner Stëmmung gin. Du hues jo schon e Grofilter benotzt.
Jo, well et mir och esou gudd do gefällt war Ech schon 2 mol do, an ët gëtt nach ëmmer genuch ze entdecken fir nach déi eng oder aaner Kéier dohin ze fléien.
Wei kennt et dass ech zu deser Photo nach keen Kommentar ofgin hun??? Hun se schon 100 mol gesin an emmer geduecht WOOOOOW...Felicitatiounen fir des Photo...wierklech wonnerschéin, schein waarm Téin, an dann war et jo och nach eng analog Phot...perfekt...Weider sou