Tiptop Oli! Gefällt mer super! Besonech daat fillt waisst an den Visitor als Kontrast dozou fannen ech gelongen. Fierwaat gelken fier des foto speziell Rechter? klär mech als Greenhorn hei um Site mol opp.
dei speziell Rechter bezeien sech op dCreative Commons Lizenz zu där et hai mei ze liesen get: http://creativecommons.org/about/licenses - dei Lizenz beseet (ennert där form wei ech se hai gewielt hun) dassde meng foto DIERFS benotzen(weisen) wansde main Numm derbai ugess, du se awer NET veränneren oder fir kommerziell Zwecker dierfs asetzen!
kannsde alles ukliken an der Fenster wousde dFoto roplueds...
hehehehe du hues den Photogen-Test bestaan, kanns dech lo ganz offiziel MEMBER nennen hrhrhrrr ;D
(oder anecht: hun dSpoten gesin, mee drageloss, haat keng Loscht op Stempel, an war mer baal secher et giff een se erwähnen - den Kommentar hun ech méi muahaha)
Esou einfach ass déi nët, grimmel,
si kënnt just esou eriwwer.
Dat ass eng sophistiquéiert Foto,
genau iwwerluet a präzis gewisen:
en diskrete Bijou. (contradictio in terminis).
heieiei emmer nees en Genoss ze gesin weis de fun puer Linnen, fill Waiss an enger Persoun am Eck aus op -diskret Bijou'en- kens ---- et freet mech emmer wann dFotoen gudd ukommen, groussen merci, och mol nees fir den Favorit!
Dann kris de och fun mir en Fav an waat ech zesoen hun, hun ech schon gesoot
P.S.: sou lues gin ech neideg, hmmm oder soll ech awer leiwer houfreg sin? war schlieslech bei der Entstehung mat dobei
hun se probeiert ze riichten, an probeiert se ze entzerren - mee hun beides sinngeloss well et onneidech war - se as also wei dei aner och out-of-the-box, waat och mir gudd gefällt!