Freet mech dass du dat als net bayern-fan esou geseis mee wann mer et jo genau huelen sin se jo net mei do enner vertrag... se spillen just nach esou an als hobby an der aal-herren-équipe
jo genau... an bis elo sinn ech deck zefridden mat dem Objektiv. Wat elo am dësem Fall eben schued ass et ass keen 2,8. Mee elo ofgesinn vun mengen Fussballfotoen hei war ech awer ëmmer ganz zefridden mam Resultat.
Wann ech éierlech sinn net direkt. ech hat mech direkt fir en heiten entscheet, well en eben an enger Préiskategorie leit wou ech mer kann leeschten. Mee vläit kanns du jo mol an engem Fotosgeschäfft nofroen an och den een oder aneren do testen, an dann doheem an rou Biller Kucken an vergläichen. Ech hat en direkt bei Apparat dobei kaaf, an mech wirklech op Kritiken am Internet verloos. Mee elo wou ech mein Fotoapparat hun geif ech awer emmer als 1. kucken fir eng Kéier Objektif ze testen wat ech well kaafen.
Déi 2,8 Nikon Objektiver schengen wierklech nach een gudden Krack méi Qualitéit an d'Biller ze zauberen. Mee /- 2000 EUR fier daat 70-200mm Objektiv daat ass schon een stolzen Praiss.
Dat kann ech verstoen... mech jo eigentlech och, mee mech perseinlech reizt mol den 24-70 am f2,8. dono kann een mol weider kucken. Vlait och vun Sigma oder esou.