Eng weider Foto dei Décoratiounszwecker soll erwellen bei mengem Comptoir. Kritik wei emmer wellkomm.
Ween eng Idee huet wei een et kann besser maachen, ech sin ganz Ouer.. :-)
Also e rouden oder orange Schalimo häss de der och nach kënne leeschten...a riicht zéien wär och nët schlecht gewiescht
Cool, 1 an 3 gefale mir am beschten, awer bei 3 hues de durech den Traitement e bësse staarken 'bruit de couleur'. Flott gemaacht.
Mam riicht zeihen geif ech awer mengen ech hät Glas richt gezunn. Dei Horizontal Linnen sin et net, ass awer esou gewollt.
Mam Schalimo gin ech dir Recht, daat sin esou Saachen dei gesin beim Preview ob der Kamera gutt ass,oder zumindest steieren se net, um Computer maachen se daat awer
Hat gemengt eppes sou mat manner fuerwen, am stil et benotzt een just nach 4 fuerwen. geht bestemmt irgentwou am Photoshop. Ah jo dat heescht Stencil, lo ass et mer erem agefall. Hun dat selwer och nach net gemeet, mee Biller gesinn dei sou gemaach sin gesäit oft interessant aus.
Merci
Glas mengen ech hät ech awer ausgeriicht, den Ennergrond ass schief mee daat war esou gewollt. Am Nachhinein geif ech deen elo och riicht maachen well daat effektif Gefill vun Kippen vermettelt