Ech war en Mëttwoch mat den Spillschoulskanner an den Zoo ob Amnéville.
Do hunn mir den aarmen 96 järege Äisbier kennen geléiert.
Mir gefält déi eicht am beschten :)
fannen di eischt och ganz flott, wu ech do war ass en di ganzen zeit hin an hier geschwommen fun enger mauer bei di aner, et ass guernet sou einfach eng gudd foto ze kreien
Jo si sott den wier schon schon esou aal ech war och ganz iwwerrascht.
Jo an sëch kann engem esou en prachtvoll Déie schon leed doen. Den ass wirklech apatesch.
Du, Grousse Bier um Firmament
an du, Klenge Bier, net wäit ewech,
dir gesitt dach dass meng Heemecht schmëlzt.
Firwat hëlleft Dir eis net?
Do uewen ass et schuckeleg kal
an den Himmel geet rond wéi ëmmer.
Hei ënnen awer do ass Feegefeier,
an d'Hell ganz no.
Firwat hëlleft Dir eis net?
Ech weess: dën Himmel ass dën Himmel,
an d'Hell ass d'Hell. Déi déi se verdéngt hätten
kommen net dran, a mir musse futti goen
fir vun engem bessere Liewen däerfen ze dreemen.
Firwat hëlleft Dir eis net?
Ech verlaange jo net Vill:
dass et esou soll si wéi et ëmmer war.
Näischt méi an Näischt manner.
Just dass mir eis Kanner nach fiddere kënnen.
Firwat hëlleft Dir eis net?
A kuckt mech mol: hei am Zoo ze platschen,
an als Pätter de Clown ze spillen,
mat vill Tréinen am Knapplach.
Esou gesinn d'Mënschen eis elo.
Firwat hëlleft Dir eis net?
De Mammut hat, am Himmel, keng Stären,
oder déi hu Näischt genotzt.
An trotzdem huet e gebiet. Fort ass en.
Mais mir, wäiss Bieren, hunn Eech 2 dach,
Groussen a Klenge Bier,
do uewen am coolen Himmel.
Hëlleft eis dach, wann ech gelift.
Amen.
An, iwerhaapt, Blimchen: deng Série ass vill ze schéin fir just Foto vun der Woch ze gin.
Oh wat en flott Gedicht
Merci. Wat eng Foto alles ausléisen kann.
Ech selwer fannen déi eicht Foto immens schéin. An wann ech bedenken dass et des Déieren irgendwann emol net méi ginn dann passt déi Foto em esou besser.
Ze vill schéin fir Foto vun der Woch? Wat machen mir dann?
Ech wollt mir se arumen
Rumm se an, Blimchen,
hänk se op,
an denk drun dass deng Foto,
am Fong geholl,
iwwerhaapt glat a guer Näischt
ausgeléist huet.
Et war den Äisbier
dee mir ënner de Pelz gaang ass,
dee ganz präzisen Äisbier.
Däi Merite ass dass du deen
esou schéin geknipst hues.
Fir mech sinn se allen dréi super. Kann mech fir keng entscheeden. Ech wäert déi Serie sécher nach méi dachs an laang kucken an sie hunn sech bei mir lo schon an den Kapp agebrannt.
Eng ganz flott Serie.
Mee 96 Joër, wéis Du schreiws, kann en dach nët hunn.
En Äisbir ass dach keng Deckelsmouk a kee Papagei; en Äisbir gëtt dach nët sou aal. Oder?