man man man .... et as nach een weiten wee fir mech... alleguer aus der serie gefaellen mir gudd... ech kennt dei stonnen lang kucken an ech kann mech nemmen unschleiseen ... GENIAL (ech benotze nie capslock, ok et get ausnahmen) ...
...ech wollt et net soen... elo hues du et gesoot... Et kraatzt awer e bessi um Minette an den Béier hun se jo mol mam Battin aus dem Minette iwerholl...
Wor a freiden an engem meeting zu breissel...an do hun ech gesooot: oui un fois, au sud du pays..." dorops hin hun 20 leit mech gekuckt:...comment, ça a un sud, le Luxembourg?"
schein Foto mee fannen du gess domadder deenen aaneren keng Chance mol engkeier als Foto vun der Woch gewielt ze gin, an domadder demoraliseierste dei secher!
Ech schléissen mech dir un. Souwiesou get d'Foto vun der Woch hei um Site zu sou enger Helleger Kouh gemeet wéi et an der Zeit mat den Top Fotoen war. Secher sin hei um Site nach aaner Leit déi frou wieren hier Foto als Foto vun der Woch ze gesin. Awer et dierf een net vergiessen dass daat just gudd fir d'Ego ass an engem soss iwerhaapt neischt brengt ausser Stolz, an daat ass net gesond.
Ech wees nach, wou ech all meng Fotoen hei geläscht hun, dass mir d'Läschen vun den Wochenfotoen am schwéiertsten gefall ass, an do hun ech mech gefroot wéi weit ech eigentlech gefall sin fir dass et mir wéih deet wann ech aus den Top-Lëschten hei um Site eraus sin. Et soll bei der Photographie net emmer wéi zu Francorchamps zou goen. Mir sollen Konscht machen, an daat ass Affaire de Gout.
Waat ech bedauern ass dass een hei um Site net kann selwer seng Foto fir d'Auswahl virschloen, wéi daat op denen meschten aaneren Siten ass wou et em Wettrennen geht. Mein Virschlaag wier dass een, sou wéi bei den Bewertungen, och d'Wahl fir an Wochenfoto kann ausschalten. Et ass jo net den Gloda den seng Foto virgeschloen huet, an ech sin et och net den meng Foto firgeschloen huet, an awer sin mir an der Oofstemmung ennert all denen Aaneren déi och hier Foto net virgeschloen hun.
Dat mam selwechten Auswielen fir d' Wochewiel ass mer scho mei laang am Kapp, mee de System sollt souwisou nach bëssen emgeännert ginn an duerch eppes anescht kompletéiert ginn, dofir wollt ech net nach kleng technesch Ännerungen do virdrun dru firhuelen. Vum Prinzip hier kann ech iech zwee (shanti & arwa) awer just vollkomme Recht ginn. Allgemeng gëtt zevill vergiess dass mer all den Hobby hei aus Spaß maachen an vill ze vill Leit gesinn do iergendwéi iergendwou Konkurenz dran, wat komplett falsch op der Plaz ass.
Dan daerfen mer och keng konstruktiv Kritiken mei gin, well doduerch jo vleit nach een besser get wei mier...
Wei gesoot, d'ass alles nemmen en Hobby, deen Spaass soll maachen. D'geet sws net em eng gellen Kou, an och wann een hai vleicht eng Wochenfoto kritt, sin awer nach emmer souvill dausenden aner Fotografen dei besser sin, aslo waat soll et. Theoretesch verglaichen mer Fotoen vun 2500 Lait, praktesch von vleit 100 Fotografen. Dat ass sou en klengen Deel vun der weltwäiter Fotocommunity, dat et an Zaiten vun der Globaliseirung net derRedewert ass.
Vier daat ganz lo mol e bessen zougespetzt ze gesin..., geif mech awer freen eng Keier ze gewannen!
flott ze liesen ! fannen ech immens interssant
eng Wochenfoto as schon flott ze hun mee wirklech net alles !
Spass ze hun wann een Foto mescht an verschafft as mei wichteg !
Also, Bob, du bass awer och eng Katastroph wéi se am Buch steht. Et get een menschlecht Grondrecht, daat sech d'Meenungsfreiheet nennt. Den Babalux war hei sou éierlech seng Meenung öffentlech ze soen. Mir hun him (enner aanerem och du) gesoot waat mir dovun haalen, an domat misst et gudd sin. Wann mir elo och nach op déi Leit klappen gin déi net eiser Meenung sin, dann seet härno keen méi seng Meenung, an mir gin hei eng kleng Diktatur. Net béiss huelen... du kenns mech jo... awer du bass einfach eng stepplech Katastroph...
@Gloda: Du wees jo waat ech vun der Foto haalen. Et war mein Fav an se ass wuelverdingt gewielt gin. Gratulatioun!
...ab elo nr. 2 obwuel fir mech nr. 1 (ouni Zweifel)... an dann nach... ass alles sou eppes vun Nonsense (les goûts et les couleurs ne se discutent pas, an awer gin hei d'Fotoen an Top Ten Lëschten gesaat, dofir läschen ech emmer erem alles)... Et wier flott wann's du um Da Vinci dobäi gewiescht wiers... hätt mech gefreed... well et eng Beräicherung vum Projet gewiescht wier...
Ah, ech denken, ech verstinn sou lues wat's du wëlles hues. Du hues jo mol gesot dass du d'Wochenfotoen ausbauen wëlls, an wann dann d'Top Ten Lëschten verschwannen... Et wier méi flott wann een fir sech selwer seng Fotoen no Favoriten, Hits an Kommentaren sortéieren kéint, fir sech eng perséinlech Idee ze maachen iwwert déi Fotoen déi am beschten ukomm sinn. Awer och do gesinn ech dass den Ënnerscheet zwëschen 3 Siten wou ech Fotoen eroplueden heiansdo ganz grouss ass. Awer sou global Lëschten ob "onbegrenzten" Zäit sinn net sou logesch. Fotoen déi schon laang um Site sinn, sinn jo definitiv an deenen mëscht gekuckten ganz uewen. Do mëscht eng Galerie mat den "Wochenhighlights" fir mech schon méi Sënn an et steet sech näischt an Konkurrenz bis op een Dag, wou d'Ofstëmmung ass.
Boah! Wat schreiwen ech awer Fehler. Meng lenks Maustast notzt schon of duerch dat vill verbesseren.
Euh... pardon mee dat kënnt mer grad fir wéi wann ech en Stéck vun der Diskussioun verpasst hätt. (Kann awer och dru leien dass et halwer 3 moies as.) Wat as dat mat denen Zuelen?
Nee, Gloda, ech hunn einfach matzen an enger Diskussioun ugefangen déi schon e bëssi méi laang an mengem Kapp ronderëm geeschtert. Gëschter Owend hunn ech meng Trap erëm geläscht an dohier bass du elo mat dëser Foto op zweeter Platz bei deenen beléifstenen Fotoen. Logesch ass et net well jo deng Foto offensichtlech méi beléift war wéi meng Trap. Dohier schwätzen ech vun Nonsense.
Ech hunn di Foto hei scho méi ewéi eng Kéier gekuckt, di Fäerwen sinn einfach Wahnsinn, d'Foto huet sou eppes berouegendes, natierleches, obwuel een wees, dass et een Aquarium ass an deemno nitt natierlech An si ass einfach perfekt ausbeliicht. Ech géif di héiten gäer emol "out of the box" gesinn, wann daat méiglech ass
Haat ech mir scho geduecht, kee Probleem. Soen Merci, d'Foto ass vun den Fäerwen hier am Original schon ganz ok, mee du hues nach vill rausgeholl kritt, kann di Foto emmer rem gäeren kucken!