ech gleewen déi foto net
alles fake ménger meenung no
awer intressant ... si gespant wat den jaycee dozou seet wat alles gephotoshopped as a wat echt as ...
Maggele, du bas mir awer vläicht e Skeptiker... Et ass wiirklech just é Scan vum Negativ, an daat eenzëgt gephotoshopped hei sin d'Upassung vun de Kontraster... seriö!
Wanns d'ët nach ëmmer nët gleews, invitéieren ech dech eng Kéier bis laanscht ze kommen, é Patt ze drënken an den original Negativ ze inspizéieren...
Als Géigeléschtung schreiws de dann hei op PG éen Exposé, wéi ët méiglech ass dass é gestaanenen Berufsfotograf (du) é vu virun 15 Joer mat enger Ritschratsch gemaatenen Schnappschoss als Fake kann identifizéieren...
déi sach mam patt: do sin ech direkt dobäi, egal aus wéiengem grond
awer ech well mech elo awer verteidegen :
de schnéi läit jo do, also as en net onbedéngt fake. a schnéi get et jo och, also virwat soll et fake sin? majo, well ech déng kontrast-"verbesserung" net gudd fannen an gehofft hun dass de falsche schnéi einfach besser gefaked hues
huet mech neemlech op den éischte bléck un déi genial max-payne-biller erennert
http://2.bp.blogspot.com/_kYSTM3xWI8s/SR8PWAwEj8I/AAAAAAAAEwU/Cc4MhlLsngs/s400/Max_Payne_poster.jpg
mee ech behapte mech elo vir dee patt ze verdéngen ;D
déi gesäit effektiv iergendwéi ähnlech aus, mäi Schnéi ass just méi natiirlech well ët jo och richtege Schnéi ass an d'Flacken och... de Blëtz spillt do sëcher och nach eng Roll...
Also, arrangéier dech mat der Madame Jade, schreiw mer eng PM wéini dass de eng Kéier hei am Duerf bass an da kommt der op e Patt an analyséiert zu zwee den Originalnegativ... (ech hun och eng gutt Schneider Lup).
eng riesen Aarbecht, bestëmmt!! ...
ech hun iwerall gekuckt, et ass zimmlech iwerall glaubwürdeg, bis op deenSchnéi um Objektiv ... aaaaawer méi flagrant ass, dass deen viichten Pneu vum BMW keng Sträif am Schnéi gelooss huet an op der Strooss sin och keng Sträifen an den Capot vum Auto huet keen Schnéi
also ech war erangefall ... esou schnell geet daat (bei mir!)
Also my dear Jade, du misst mech eigentlech genuch kennen fiir ze wëssen, dass ech mer:
1. nie fräiwelleg eng riesen Aarbecht maachen
2. nët gudd genuch am PS sin fiir esou Tricken...
Komm einfach mam Maggele an dan inspizéiert dir den Negativ zu zwee... an duerno hëllefs du him beim Exposé...
Also ech gesinn do ganz wuel éng Straif am Schnéi vum Pneu hannen lénks an fier lénks An d'Froo wisou keen Schnéi um Capeau lait , ass well den Chauffeur vum Auto flait erréicht unkomm ass, an den Capeau an deem Fall nach waarm ass, an den Schnéi schmelzt, an doduerch lait och keen drop , well recht vill lait och nach net op der Strooss. An wéi een gesait hun déi aaner Autoen och Schnéi drop , an den BMW och um Daag an op der Malle Also ménger Meenung noo Realistech , wisou den Schnéi sou hell ass fier (d'ass den Effekt duerch den Blëtz) An gleewen ganz gaer dass ech et 1995 am März geschnéit huet.
Eng gudd Analys, déi och den Tatsaachen entsprëcht... ech war effektiv den Daag graad do ukomm an d'gesäit éen och nach meng Foussspuren déi zur Hausdier féieren vu wou aus ech d'Foto gemaach hun, en attendant dass é mer Dier opmëcht...
hmmm, ech bleiwen zwar elo weider stützeg, zemols wéinst deem viichten Pneu --> deem seng Spuren missten jo bis bei deen hënneschten Pneu ze gesin sin ...
daat mam Capot kann ech nach novollzéien
meeeeee, am März 1995, huet et zu Esch schéin riicht eran gesonnt, well do hun ech mäin éischt Appartement gelount an do war et zevill schéin eben grad wéinst den vollen Sonnenstrahlen déi riicht eran geschéngt hun
ech wees net wou dest hei ass, awer L ass net esou grouss, Mikroklima hin oder hier, dass esoueen Ënnerscheed ass
mee, bon ... effektiv wier et vill Aarbecht, deemno fir ween
stell der emol d'Siituation esou viir... Ech kommen elo do an déi Parkbucht gedüst... Déi eenzeg Méglechkeet fiir daat mat engem Ruck ze maachen ass déelweis iwert den Trottoire. Wanns de gutt kucks, gesäis de dass daat hënnescht Rad iwer Trottoireskant gerullt ass. Bei enger Kurv stëmmt de Radius vum viichte Rad nët mam Radius vum hënneschte Rad iwerëneen. Daat viicht Rad ass iwert de Borduresstéen gerullt iër ët hannert der Maierchen erëm an d'Strooss komm ass. Am beschten veranschaulechs der daat andems dë d'Situatioun op dengem Kichen- oder soss engem Dësch mat engem Modellauto nostells...
Ech froen emol an den Archiven vum Service Météo no, wéini ët am März '95 geschneit huet... Daat do ass den Eck avenue Victor Hugo/rue Ermesinde um L-bierg... also quand même manifestement méi nördlech wéi Esch...
hahhahaaa ... ech sin zwar eng Null an der Physik an Astronomie (an och Astrologie, ass awer hei elo net gefroot) an an der Nuklearmedizin ...
awer daat dooten schlécken ech net ... nee, nee
bon, da bleiwt der näischt aanescht iweresch wéi mam MarcGerard laanscht ze kommen an dech selwer dervun ze iwerzéegen dass um Negativ nët méi an nët manner drop ass wéi op dëser Foto... Nuklearmedezin héiert sëch interessant un... daat errënnert mëch drun dass ëch nach iergendwou ë puer Gramm Polonium leien hun...
nee, wou war daat dann wou mir déi leschten Kéier driwer geschwaat haaten? et war net den Oberweis
mee dir macht daat schon zu 2 ... ech verstin souwisou nix vun alledeem
an virun esouvill Insistenz ... gleewen ech dir et esouguer elo
mee d'Sonn huet awer geschéngt am März 1995, mee villäicht wor et och net déi selwescht Woch
wéini? jo daat ass déi gutt Fro ... an e puer Méint ... esou Juli?
ech stellen fest dass den MarcG sech net méi geäussert huet (ech mengen hien huet lang Schmieren net esou gaeren wéi mir )
Aal Schanken sin ëmmer gutt, Jaycee,
zumols wann së nei Geschichte provozéieren.
Wat bläiwt: gidfereen ass sich eens mam BMW
an am März 1995 huet ët geschneit
an d'Sonn huet och gëschéngt.
Du sées ët Charel... hätt nie geduecht dass déi aal Schank hei esou eng Diskussioun géif ausléisen ob echt oder nët, a waat de BM ugeht ass d'Madame Jade nach ëmmer skeptesch well ët sou ausgesäit wéi wann ë just mam hënneschte Rad eng Spur am Schnéi hannerlooss hätt...
Ma mussen der Madame Jade mëldernd Ëmstenn zougestoen, si huet schliesslech éen ustrengenden a verantwortungsvollen Beruf, an do brauch éen heinadsdo é Ventil...
ooooh jooo ... an deen Ventil bléist haut nawell ferm ... hun nach vill ze machen
(euuuh, mee, waat fir een Beruf ? ... kenns du mech? ... "grübelferm" ...)
mir kréien gläich een Mahnbréif vun den Admins ...
Du gruebelsferm iwer Froen no deis du dir selwer stells, JADE, oder net ?
A wann e "Mahnbreif" akut geif gin, keint et jo well bal nemmen weinst "Beruferaten" (op engem Fotosite) sin.
An ech hun nach kee Fatz gerooden.
hmmmmm ... ech hun dëss Foto an der Iwerwaachung an ët ass nët ungewisen gin, dass een Comment bäigefügt gin ass
(DAAT HEITEN WAR ELO EEN SPEZIELLEN MESSAGE FIR D'ADMINS' ODER MODS' TEAM VUN PHOTOGEN)
ma dann soen ech just ... Lëtzebuerg huet definitif een Microklima ...
ët ass wierklech nët ze verstoen ????
P.S.: an wou kann een dann esou Saachen nosichen ???