mengen d'läit vill un der lucht (wuar dauerliicht), mat 1 luuchtquell kann een opschiddefall scho vill maachen fannen ech, brauch ee net emmer 3 bletzer. merci
Dat wuar nom Interview mat him, op Eldoradio fenns de en, op rtl ass och een, wuar kameramann. Dono hu mer nach puer Fotoen eben gemat, net ganz vill awer leider. merci fir de favorit
Den Opbau gefällt mer gudd .) D'Luucht vu Lenks ass och prima ... doduerch ass sai Gesiicht riets sou "düster". De Schiet vum Kapp op der Mauer steiert dobai kaum ...
SW ass och gudd gewielt.
Schei Foto
20 sekonnen shooting plusminus, duergang fir d'Kamera lasszeloosen, de Fotoapprat ze huelen, alles ze loose wi et ass puer mol auszeléisen... geht och duer usech, d'Lucht hat ech sws fir den Interview schon gesat. Zäit huet et en also net wirklech kascht, mee d'wuar trotzdem fein vum em dat dat wolt!
majo, ech hun just eng kleng Kritik ...
et ass awer net deng Schold, ech gesin och schlecht wéis du oder iergendeen him haett kéinten soen: "euuuh, Kevin, dain Schaal faellt do e bessi komesch, ne ..."
(villaicht sain/seng PR?)
hu mech scho gefroot wini een dat seet
stéiert mech och!
d'wuar sou, ech hat e gefroot: ''could you please look at me'' am ufank iert ech déi éicht Foto gemat hat. Seng äntwert: ''why don't you just start taking pictures!'' an dat an engem toun, wu ech mer geduet, ok, sees de mol léiwer guer naischt mei dofir ass de schaal och lo leider do...
LOLLLLL ...
esou genre "Gluups ... euuh ech mengen ech knippsen einfach emol, ier hien sech et aanescht décidéiert ... "
keen Problem Lex ... ... ...
kritt hien d'Fotoen dann och ze gesin ? oder seng PR-Leit?
wier flott wann hien dir écho'en géing gin oder iwer seng PR-Leit
mee, hien huet wahrscheinlech d'autres chats à fouetter ...
Net nemmen dat et en gudden fotograf as, mee och dann nach en gudden mann fierun der lens... Waat well een mei! Ech kann mir fierstellen dat deen mann vill ereescht huet, net nemmen finanziel, mee och geeschtleg! Wor bestemmt interessant Lex!!
Et as eng gudd foto, wierklech!
oh jo deen huen vill alierwt! dat mirkt een wann en en héiert schwätzen! wuar mega intressant nozelauschteren. Leider ass net de ganzen interview online, well dat ze lang gi wär, mee hei ass de link: http://www.eldoradio.lu/eldotv/?id=15497
Also, et as schon interessant waat den mann vun sech gett... En huet sech effeltiv mat der welt auserneen gesaat. Wou ech den film "Dance with the wolves" gesin hun, do duecht ech mir, deen mann versteet eppes vum lierwen! Seng interpretatiounen vun "berühmtheet", hun mech fierweltzeg gemaa ! haas eng grouss chance Lex!
oha, dei hat ech, mol guer nët gesinn (sin zimmlech ënnerwée de Moment)
Tip top geif ëch soën an ënner déenen Ëmstänn souguer mei wei tip top,
de Schal steiert mëch kée Pond ,bien au contraire, kënt vleicht nach dohier von wegen " der mit dem Wolf tanzt "
alles gouf gesoot an ech si mir sëcher, d'Foto as BESSER wei seng Musek (affaire de gout, ëch wées !)
seng musék ass och net wirklech menges, an bis ech gewuer gi sin dat mer en interview mat em hätten wosst ech och net dat en iwwerhapt géng musék maan!
merci
ech gratuléieren fir d'Bild vun der Woch, mé dat hei alles stemme soll, déer Ménung sin ech nët, sorry och wann ech elo enger ganz Partie Léit op d'Zéiwen treppelen.
Wär et nët de Kevin Costner, dann wär et en ganzen, wann ewerhapt, duerchschnettleche Porträt. Ech respektéieren awer d'Emstänn ennert dénen d'Bild opgeholl gin as, do soen ech ok ... chapeau.
As elo nët béis gemengt, et get mer awer zevill driwer gejoubelt.
(as, meng perseinlech an éierlech Ménung)
Ma nee, hat just geduecht se wier mei perfekt ouni deen ofgeschniddenen Schaf rechts an dei Rido lenks, dei wier wuel bai engem professionellen shoot am PS rausgeholl gin, dann wier den Bleck mei direkt um Costner
Wann et e ''professionelle shoot'' gewierscht wär an se en unisen hannergrond gewollt hätten da wär se direkt am studio gemat gin an si hätten sech net ameséiert dat rauszeretuschéieren ech géif dat perséinlech dann zimlech langweileg fannen bei deser foto, an d'ass och net d'ziel vun on-location fotoen usech, also dat ass mol meng meenung... du hues awer räscht, de bléck wär flait mei um costner, mee d'ass mer méi em dat ganzt bild gang hei.