Si sou gro well ech besse mat de Werter gespillt hunn. Loosen ech dann weiss, bei der nächste Keier.
Soll ech nach puer Fotoen eenzel mat den Zitroune man?
Bei der drëtter ad den Focus net um rouden Auto, wat komesch wierkt well ee vun deem am meeschte gesäit.
Bei allen dräi Fotoen as d'Luucht net gudd. (Duebel Schieter.)
Jo, ech wollt mei eng grouss Schärft hunn, wei bei der eichter Serie. An do hunn ech geduet, dass ech de Focus mei an d'Mett leen.
D'Luucht kennt wahrscheinlech fun der Sonn, da man ech d'Rideauen zou.
An der Minitur fällt et nach net esou op, mee am groussen ass den rouden den aus dem Focus ass richteg stéierend.
Weiderhin denken ech ass zevill op der leschter Foto drop, bzw misst nach vill méi drop sin.
CLS -> Creative Ligthing System (vun Nikon). domadd kanns du Bletzer "fernsteieren" durch den Kamerabletz. An mat engem Trick kanns du och den Kamerbletz onsichtbar erschengen lossen. Lies mol deng Handbicher vun Bletz an Kamera...
An dem fall kanns te den Bletz vun denger Kamera och ob den Minimum stellen, daat geet duer fir deen anerer Auszeleisen. (Den SB 800 ob Manuel)
Mee du kanns Bletzer awer och esou anstellen daß se emmer gleichstark bletzen, daat heescht du stells daat just un der D300s an an den SB 800 paßt sech un.
Wanns te wells kann ech der den OWend soen weis te et solls maachen, auswendeg wees ech et net mee ech muß och mein SB 800 virun mir hun.