Do gin et méi Manéieren..entweder du schaffs mat Pergamentfolien (fir déi méi puristesch Methode,woubei dann natierlech esou e Verlaaf wéi hei net méiglech ass)
...oder du schaffs mat Ebenen am Photoshop.
Also no enger Stonn Fotoen am Studio an e puer Räucherstäbecher geseis de souwisou alles faarwech )
Ma et ass net esou schwéier an et gehéiert och e bessen Chance derzou eng oder déi aaner ze gerooden.
Denken e gudden Deel geseis de schon an den Exif,waat Bletzer ugeet,do stells de seitlech hannendrun 2 Bletzer fir ze beliechten.
Klengen Tip...den Damp kanns de mat engem kaalen Metalgéigestand e bessen bremsen..kaalen Damp steigt méi lues an dréint sech doduerger
Woaw, geseid aus ewei eng opwenneg 3D Animatioun, nemmen besser, grouse Respekt!
Ech hun zumools d'Ecker gaeren, opwuel verschidde stellen liicht onschaarf sin sin aanerer zimlesch Schaarf, gud aarbescht!
Majo, wollt dech nodréijlech begléckwënschen! Lo wou ech vereenzelter vu mengen geläscht hun, gesinn ech wéi gudd deng Dampwollék gerooden ass. Superveraarbechtung ! ... an si fëllt och schéin d'Bild op . Daat léisst hoffen, vir di nächst Sessiounen ... ;o).