Dat freet mech awer ze héieren, et war e mega Event, hu meng nei Lens 50mm, 1.4 op menger aaler Schanck (5D) getest. Suraki, déi Lens ass net schlescht
Den decke Merci Zora, virun allen déi al, déi si genial, se haten der do vun all Generatioun, mee et war bal net méiglech eng Foto ze machen, oni datt een an de Féiss stung
Ech war e Samschten do, wollt wéi all Joer e Flimchen machen, war mam train 1900, dat war esou schlecht organiséiert, een Zuch véierel op zwou an dunn een zwansches op véier, leschten Zuch fir heem um 5.30, esou datt ech just knapps uewe war a schons erëm demie tour konnt machen. Um site vum Steam Punk hu Leit sech beschweiert, se wäre vu verschiddene Fotographen richteg emmerdéiert gin, respektlos beim Iessen,beim Schnäitzen usw iwwerall hannendrun fir ze knipsen. De Fotoapparat krut ech och net ausgepackt
Ech selwer wor net do wëll ech daat gefaart hun, mee hun mech awer gewonnert dat net méi Fotoen (ausser Micky-Maus) doriwer op PG gewisen gin. Elo verstinnn ech firwaat.