micky-maus
Jungspund
Dabei seit: 27.11.2011
Beiträge: 22
|
|
YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
Salut alleguer,
Geif mier gäer een Bletz kaafen fier op meng D90, als Start wollt ech awer keng 400 Euro investeieren fier een Nikkon Bletz.
Als interessant Alternativ hunn ech Bletzer vunn Yongnuo fond, preiswäert ann anscheinend net schlecht.
Meng Froo: als Start weieen wier doo ze rekommendeieren:
Den 565 ca. 150 Euro,
560 II ca. 80 Euro,
468 II ca. 100 Euro,
Brauch den Bletz fier allgemeng ann der Bletzfotografie eranzeklammen.
All Alternatif dei gudd ass fier max. 150 Euro wieren och interessant.
M.b.G.: m-m
|
|
21.08.2012 12:24 |
|
|
Gaga unregistriert
|
|
RE: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
Salut MM,
Also beim eichten Bletz brauchs de jo keng Master-Steierung, well en huet jo keen Kolleg fier ze slaven !
Also geiff dei mei bëlleg Variant vum SB-600 oder SB-7oo elo och duer goen.(SB-600 op Amazon ab 260€)
Ech kennen dei do Mark elo net, mais Metz as och emmer eng gut Alternatif, waat ech geiff onbedingft beachten as, dat se den TTL vun Nikon ennerstetzen, an dat se iwert den "Advanced Wireless Lighting" vun Nikon aus steierbar sin (fier se mat dengem Integreierten Blëtz Wireless auszeleisen), Metz ennerstetzt daat!
Waat nach e wichtegen Punkt as, dat duerno all deng Blëtzer dei selwecht Farftemperatur hun. Kuerz; et as net ze rooden bei engem Blëtz System verschidden marken ze meschen, also wous de lo hin gees, do muss de demno wei bleiwen !
MbG
Dieser Beitrag wurde 1 mal editiert, zum letzten Mal von Gaga am 21.08.2012 15:33.
|
|
21.08.2012 15:32 |
|
|
chrisykris
Jungspund
Dabei seit: 08.08.2011
Beiträge: 16
|
|
Hello MM!
Hei ass wahrscheinlech eng gutt Äntfert op deng Fro an, wéi ech mengen, gutt Argumenter fir géint de Mythos unzekämpfen, dass alles wat bëlleg ass automatesch schlecht ass (och wann et meeschtens wierklech esou ass, awer d'Ausnahmen bestätegen d'Reegel...)
http://www.youtube.com/watch?v=RtFX3vveKHA&feature=g-user-u
Ech hunn den 565 I (2 Stèck) an fir manuell ze blëtzen sinn se perfekt. Mee bon, meng Erfahrung soll der keng Referenz sinn, well ech hunn nach net vill Zäit gehaat mech eran ze schaffen.
Hoffen ech konnt der hëllefen.
LG
Christophe
|
|
21.08.2012 20:38 |
|
|
micky-maus
Jungspund
Dabei seit: 27.11.2011
Beiträge: 22
Themenstarter
|
|
RE: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
@ Gaga, merci fier deen gudden Rotschlag, punkto Nicon, ech hunn schonn hei zu Luxusbuerg praisser ann Photoshops gefroot, doo huet den 700er ca. 380
Teuroen kascht. bei Amazon 254 Teuros
Doo ass ett naterlech interessant dei 100 Euros nach weider ze investeieren ann bei Nicon ze bleiwen.....
@ Christophe, merci fier dain Link, Ech iwwerleen mier dei Saach emol, bei Amazon sinn dei Nikon-Bletzer wesentlech mei belleg wei hei am Commerce.... mol kucken op een dei Chinabletzer irgendwou hei kann kucken, ereicht wann ech een amm Grapp hunn wäert ech mech entscheeden...
|
|
22.08.2012 11:20 |
|
|
chrisykris
Jungspund
Dabei seit: 08.08.2011
Beiträge: 16
|
|
RE: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
Also ech wëll dech wierklech net iwwerzeegen oder sou, ech proposéieren der just dir ee vu mengen Yongnuo ze léinen fir e puer Deeg. Vläit kenns du jo och een den dir en Nikon kann léinen an dann kanns de gutt vergläichen.
Ech hu meng zwee hei bestalt: http://stores.ebay.de/mekingequipment/yo...d=p4634.c0.m322
An hunn och schon aner Saachen do bestalt an war ëmmer zefridden.
Wat eben e Plus ass beim YN, falls de entfesselt wëls blëtzen, wann en der eemol fällt oder sou, kräichs de manner Suen no. An du kriss der eben 4 fir de Präis vun engem (reduzéierten) Nikon.
Mee bon, Nikon ass eben Nikon an dat bleift och esou
|
|
22.08.2012 16:44 |
|
|
gilbycoyote
Grünschnabel
Dabei seit: 04.01.2012
Beiträge: 2
|
|
RE: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
Also ech hun zwee YN 560 II an sin absolut zefridden domat, wat d fiabiliteit vitesse an den verbrauch ungeet.
Ech wollt awer just eng keier enersträichen dass dat en 100% manuellen Bletz as.
Wanns du also wells TTLen, as dat keng gudd alternativ.
Dem Chrisykris nach en merci, well den 565 hun ech net kannt. opgrond vun menger erfahrung mat den 560II hun ech mer elo awer mol esou een bestallt.
An wann en futti as kaafen ech en neien. as emmer nach mei belleg!
Gibbes
|
|
23.08.2012 16:24 |
|
|
joduoch
Grünschnabel
Dabei seit: 07.06.2012
Beiträge: 4
|
|
RE: YONGNUO Digital SPEEDLITE 565 |
|
Salut MM
Ech hat um leschten Meeting op der Place d'Armes mam Yonguno 560II photographeiert.
YN560II ass excelennt fir den Preis vun 80 Euro.
En plus erlaben sie Photoen ze machen mat enger 600/sec.
Den Kap ass dreibar horizontal wei vertikal.
Kann se nemmen weideremphelen
Joduoch
|
|
24.08.2012 10:37 |
|
|
|