Thema: Neien Objektiv kaafen ? |
Johny
Antworten: |
16 |
Hits: |
58.894 |
|
|
Definitiv hätt dat e wärt. A wann dann géif wuel en 24-70 f/2.8 am beschte passen.
|
|
Thema: Neien Objektiv kaafen ? |
Johny
Antworten: |
16 |
Hits: |
58.894 |
|
|
Ech äntweren trotzdeem hei, et ass net am senn vun engem forum diskussiounen iwwer pn weiderzeféieren.
Du sees du wells naturfotoe maachen - wat genee? Well och dorenner fält nach vill verschiddenes. Ech selwer notzen dofir main 16-35 mee et gi vill aner Leit dei notzen brennwaite vu 400mm fir naturfotoen ze maachen
|
|
Thema: Neien Objektiv kaafen ? |
Johny
Antworten: |
16 |
Hits: |
58.894 |
|
|
En neit objektiv sollt ee sech kafen wann een de prezise Besoin dofir huet, an dann huet een der normalerweis just nach e puer Stéck dei iwwerhaapt a fro kommen. Mee net einfach just "sou ech kafe mer lo en neit objektiv".
Zur info: meng selektioun vun objektiver dei ech emmer bei mer hu besteet just aus drai Steck. An eent besse mei spezifescht wat ech just seelen asetzen
|
|
Thema: Objektiv fir portrait |
Johny
Antworten: |
7 |
Hits: |
42.825 |
|
|
Wanns de schonn net weess wéieen Objektiv dass de am beschten hëls fir Portraiten, häss de dann net besser en aneren se maachen ze loossen? Do zielt nämlech vill méi derzou wéi just dat richtegt Material ze hunn (sou wéi eigentlech bei allem an der Fotografie)
Mee wanns de scho sou frees: 85mm f/1.2.
|
|
Thema: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen |
Johny
Antworten: |
11 |
Hits: |
46.675 |
|
|
Den hat ech, a war, wou ech op Vollformat geklomme sinn, net méi dervun iwwerzeegt. E war soft, a virun allem bei 24mm war en immens schwaach wat Qualitéit ugeet. Do ass ee mat engem 24-70 besser opgehuewen.
|
|
Thema: canon objektiver fir mat an camarque zehuelen |
Johny
Antworten: |
11 |
Hits: |
46.675 |
|
|
Deng Objektiver sinn, ofgesi vum 70-200 an vum 100mm, net ganz gutt, dofir géif ech dovu keent huelen
Verkaf de Recht an kaf der, wéi de Pit sot, léiwer e 24-70 amplaz, dann hues de alles wats de brauchs.
|
|
Thema: Gesicht: Canon EF Wäitwenkel fir ze léinen |
Johny
Antworten: |
6 |
Hits: |
50.852 |
|
|
Den f/4 soll den Tester no déi besser Bildqualitéit liwweren, den f/2.8 huet natierlech de Virdeel vun der grousser Blend. Hänkt bëssen dovun of wat s de dermat maache wëlls
|
|
Thema: Nikon D40... an elo? |
Johny
Antworten: |
8 |
Hits: |
43.861 |
|
|
dpi ofgespaichert bei der Foto soen och naischt wierklech aus, an dass d'Wort verlaangt dass eng Foto mat 300dpi gespaichert ass weist just dass se keng Ahnung vun der digitaler Welt hunn
Den ofgespäicherten dpi wärt stellt u sech just en "default" duer dee geholl gëtt wann ee soss keen Unhaltspunkt huet, méi net.
|
|
Thema: Nikon D40... an elo? |
Johny
Antworten: |
8 |
Hits: |
43.861 |
|
|
Also fir op den Deel anzegoen mat den 300dpi: Deng Kamera mécht guer keng Fotoen an iergendwelchen dpi
Déi späichert just Pixelen, an dpi (dots per inch) ass just ee Faktor dee geholl gëtt wou musse Pixelen an normal Moossen ëmgewandelt ginn, d.h. zum Beispill beim Print. Wann deng Foto 3000 Pixel huet an du prints mat 300dpi dann kënnt eng Foto raus déi 10 inch grouss ass (3000px / 300dpi). A wanns de se mat 200 dpi prints kënnt eng Foto eraus déi 3000px / 200dpi = 15 inch grouss ass.
Awer dat huet näischt mat der Foto ze dinn déi op denger Späicherkaart vum Fotoapparat drop gesat gëtt.
|
|
Thema: Photographie Coursen |
Johny
Antworten: |
8 |
Hits: |
42.126 |
|
|
Nee, mee den 10. Januar hu mir e Workshop geplangt fir Fotografie-Ufänger. Dat ass vläicht interessant ? Wäerten et och geschwënn offiziell um Site annoncéieren
|
|
Thema: Favoriten... |
Johny
Antworten: |
1 |
Hits: |
52.243 |
|
|
Et huet sech just ëm e klenge Feeler gehandelt beim Säiten-mechanismus, deen ass awer lo verbessert. Merci fir d'Bescheed ginn.
|
|
Thema: digiwowo.com |
Johny
Antworten: |
11 |
Hits: |
46.304 |
|
|
wat ëmmer nach ka sinn ass dass en mat nach enger weider anerer Firma schafft an Frankräich oder sou an do Suen hin an hier schiebt fir laanscht Steieren etc ze kommen, dat ass net onméiglech eme dat fënnt een esou och net einfach eraus :/
|
|
|