Header
Photoen/Suivi Philharmonie
(20.05.2017 - 19:35)
Wéi ugekënnegt gëtt et nach en klengen Suivi vun eisem Tour duerch d'Philha: Vir déi Leit déi Interessi hunn, besteet d'Méiglechkeet der Philha Fotoen zur Verfügung ze stellen vir an hier Programmhefter, Websäit, etc. ze benotzen. Ech (Bob) iwwerhuelen hei den Kontakt ob eiser Säit, d.h. dier kënnt mier en Downloadlink ob äer Fotoen schécken (wou am beschten äeren Numm an all Fichiersnumm steet) an ech leeden déi dann gesammelt weider un d'Philha. Schéckt dofir w.e.g. den Link einfach un bob.bamberg@photogen.lu schécken.

Allerdéngs sinn mier als Comité en bëssen enttäuscht vum Verlaf vun der Visite selwer. Och, oder virun Allem, wann mier relativ labber Limiten gesat kréien, wier et wënschenswäert dat jiddereen en bëssen méi wäit wéi seng Sonneblend denkt an Rücksicht ob den Grupp an den Staff hëlt. Während der Tour kann een probéieren en bëssen an der Géigend ze bleiwen, net éiweg den aneren Leit Fotoen ze blockéieren, sech ze sammelen wann d'Saach ob en Enn geet an dann och pünktlech ze goen. Och d'Leit aus der Philha an mier sinn frou wann mier sonndës mëttes pünktlech doheem sinn. Dann sinn mier och motivéiert vir direkt dat nächst Event ze plangen an den Organisateur ass frou eis nach eng Kéier ze accueilléieren.
Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen

[Chronologie vun de Kommentarer emdréinen]
Aiello 21.05.2017 - 13:41
Also Perseinlesch war ech mega Entäuscht, dat hued schon ugegangen wei ech bei den Group ukomm war, mech firgestallt hun, an ken weideren Moien zereck krut, firgestallt hued och keen sech.

Dann ass en och sou, dass ed jo bal onmeiglesch war Fotoen ze machen, well Leit einfach engem an Bild gelaf sin, an en speziell, den do praktesch am Bild Wunnen bliwen ass, an ned gekuckt hued ob en dann och mom geng henneren

Den Mann vun der Phila war jo ganz fein an leiw, me war lo ned do fir 75% vun der Zeit just Geschicht ze lauschteren, wann en vun denen 25% Zeit dann nach 5 % iweresch bleiwen, well den en iwerhat ned aus dem Bild reckelt, mengen mir waren do fir Fotoen, ok, hätten mer puer Stonnenn mei gehat, hätt ech dem Mann och ganz gären nogelauschtert, me sou.

Wat mer firum allem gefehlt hued, ass dass en Club eng Einheit sollt sin, hei war ed, wei wann en mat lauter komplett Friemen Leit ennerwee wer, ken Bonjour asw.

pixelman 22.05.2017 - 08:28
Do hues de alles geschriwwen wéi d'Situatioun war.
wuff 23.05.2017 - 14:47
Mir huet daat ganzt gudd gefall, et war informativ an an méngen Aen haat een genuch Zäit fir och en puer Fotoen ze maachen. Dass bei enger Visite mat esou vill Leit och en Mol den een oder aneren mat an d'Bild könnt as normaal, an a ménen Aen net tragesch. Et as effektiv opgefall dass vun unfank un deen een oder aneren éischter um fotograféieren interesséiert war wéi un der Visite mam Club, do huet den Club eben nëmmen als Entréesticket gedéngt.

Merci un d'Organisatioun.
Aiello 24.05.2017 - 17:55
Also kann do ned ganz zoustemmen, vun dem ech geschwat hun ass regelrecht do wunnen bliwen. Souguer den Violinist hued gesot, en soll en mat rou lossen, an seng Fotoen machen, hien misst schaffen, hued dat ned verstanen, an hued den armen Mann awer ganzen Zeit gesteiert, ne hued em missen souguer weisen, wei en hien geknipst hat, den war iwert hat ned amused.

An sin ned den Enzegen, den dat sot.
wuff 24.05.2017 - 20:08
Wann een natiirlech déi Leit stéiert déi do schaffen, as daat nët an der Rei.
Mir als Visiteuren hun ons do zeréck ze haalen an déi Leit schaffen lossen déi do mussen prouwen, daat geheit soss en schlecht Bild op den Club. Ech haat daat nët matkritt, dass do esou en Zwëschefall war, daat wier an sech schon en Grond gewiescht fir ons eraus ze puchen.
charellux 23.05.2017 - 18:17
Also ech soen mol merci fir den Tour duerch d'Philha.Mir huet et och gutt gefall, an a mengen Aen haat e genuch Zäit fir och en puer Fotoen ze maachen.
Wat mir net gefällt as dann, wenn Léit kommentéieren wéi dat ganz war.
Dat ganz war dach eng Visite guidée mat Erklärungen wou mir och kennen Fotoen machen .
Ech hun plus minus 100 Fotoen dovun och 10 Fotoen mat Léit drop am Hannergrond .
Witzeg as, et sin emmer dei selwescht Léit .
Zum schluss ass nach eng Gruppenfoto gemacht gin.

Merci un d'Organisatioun.

pixelman11 27.07.2022 - 17:23
smile smile smile smile