Nikon D3S an Nikkor 85mm
(14.10.2009 - 09:38)
Et ass esou wäit: Nikon stellt D3S fir. En Vollformat Apparat mat 12 MP, 51 Fokuspunkten, Liveview, ISO 100 - 102400 an 9 Biller pro Sekonn. Ze kréien soll se sinn fir ongeféier 4700€.
Méi Detailer: http://www.dpreview.com/news/0910/09101402nikonD3s...
An dann och nach en neie Makro, en Nikkor 85mm f3.5: [ulr]http://www.dpreview.com/news/0910/09101401nikon85mmmacro.asp[/url]

Fir e Kommentar ze schreiwen, muss de dech um Haaptsite aloggen
Nicon07
14.10.2009 - 09:46
A wee brauch dann esou eppes???
Deen Apparat schingt mir e besse schwéier ze sin .... fir de Portemonnaie vun engem bluddegen Amateur, awer et as bestëmmt neess eng Referenz an der digitaler Photographie, an de Konkurrent muss séch alt erem op d'Bee setzen. Dat ass bal wéi am Kaale Krich dat nukleart Wettrüsten, just datt ech dat hei vill léiwer hun.
Do ass dat Objektiv vläicht méi interessant.

20.10.2009 - 18:34
Ma da gi mir eis déi och mol ukucken. Et muss e jo um Courant bleiwe, fir ze wësse, wat der Konkurenz hir nei Waffe sin...
Edit: Wow! Een echten Erausfuerderer. Super!
http://www.lesnumeriques.com/news_id-11446.html

Geko
14.10.2009 - 11:17
Déi zwee Haaptrivalen schéngen sich fir 2 verschidde Richtungen décidéiert ze hun. Canon quëtscht ëmmer nëmme méi Pixelen op séng Sensoren, während Nikon mat schwindelerregenden ISO-Werter optrompt.
Mir gefällt d'Politik vun Nikon do wesentlich besser. Ech brauch keng RAW-Biller vun 25Mb op méngem Harddisk.

Kwitchibo
14.10.2009 - 13:48
eeeee ?? Audi ?? mmh Deier mee gäil !!
hihihi well eng Nikon D700an batterie grip oder D3 oder D3s mol kuken

14.10.2009 - 19:56
Mais du hues jo awer schon d'Optiken dofir! Stell dir mol fir, Nikon géif elo 24 Mpx a méi op d'D3s klaken, da misst du och nach Objektiver kaafen, déi fir sou Capteuren nach genuch Piqué a Kontrast hun.
An awer... 470 Kilocent rappen een déift Lach...
Op där aanerer Säit, eng D700 kënnt och an den Alter an du muss schon an deen deiere Powergrip investéiere, fir op 8 Biller/sec ze kommen. An, ganz éierléch, mat 1600 ISO, dat ass nach an der Rei, awer doriwwer eraus, gin ech och net mat der 700. Do wier eng D3s vläicht nach gudd bei 25600...

14.10.2009 - 23:06
Nee, Patrick, du hues méch hei vläicht falsch verstanen. Ech wollt net soen, datt mir méng D700 net mi duer geet. Au Contraire, dat ass mäi beschtent Stéck (an ech hun nach an der Vakanz gemierkt, wat fir eng Draamkamera dat ass, well ech d'D80 och nach mathaat, fir beim Mier mat 2 Boîteren ennerwee ze si, an net mussen de ganzen Zäit d'Objektiver wiësselen. Beim Postprocessing mierkt een den !ennerscheed... ). An datt d'700 bis 6400 Iso super Fotoe mécht, do besteet och keen Zweifel. Just wollt ech soen, datt ech perséinléch net méi héich gin wi 3200 Iso, einfach sou, aus enger Laun eraus, total subjektiv. ech schaffen iwregens permanent mat ISO-Automatik an automateschem Active D-Lighting, well ech bei Eisebunnsfotoen ëmmer 1/500 Sv hun an och net bei Opeblend schaffe wëll. Do gesinn ech dann hanneno, datt ech dacks 1250 Iso hat, an et gesäit een dat net op der Foto!!!)
Ech hun iwwregens nach ni sou vill Fotoe gemaach, wi mat der D700, an nach ni sin der sou wéieg näischt gin. 5 Biller an der Sekonn geet natiirléch och méi wi duer, well dat sin der gaaaanz vill. Wann ech kucken, wéivill Fotoen ech verknipse bei méngen Trainspottinstiir, wou ech hanneno eent behaalen. Bei 5 Biller/Sekonn ass garantéiert eng gudd Foto derbäi.
An nach eppes: Wann een een Ironiezeechen hätt, wi z,B Gänseféisercher beider direkter Ried, dann hätt ech dee Saatz d'D700 kënnt an den Alter hannert sou een Zeeche gesat. Well eigentléch ass deen Abschnitt net den Ausdrock vu ménger schwéngsecher verwinntheet an Onzefriddenheet, mais éischter mäi Kapprëselen iwwert den Tempo, mat deem d'produzente vu Kameraen mat Neiegkeeten op de Maart kommen, an doduerch hir eegen Topmodeller entwerten. Do misst du mir awer recht gin oder?
Affaire à suivre...
Also, Patrick, an Armand, a Marc an all déi aaner, déi hei desen forum liesen: Ech sin a bleiwe ménger D700 trei, mat där ech schon 3500 Fotoen op mannst gemaach hun, an ech wéilt net tauschen oder wiesselen. Fir méch get et am Moment bei Nikon keen Apparat, deen ee bessert Präis-Leeschtungsverhältnis bidd, a wann ech engem misst een Apparat recommandéieren, dann d'D700.

15.10.2009 - 15:50
as jo am fong nemmen eng fro vun Suen?fannen ech wann ech da zevill hun dann D3S
Nicon07
15.10.2009 - 17:53
Fir dat selwécht Geld kriss du eng D700 plus en D300s. Do hues du dann dräi Mécken op ee Schlag: een Fx-Boîtier, een DX-Boîtier an eng HD-Videokamera. Dat wier op alle Fall mäi Choix, wann ech ± 5000¤ a Fotoapparater ze investéieren hätt.
ApplEric
14.10.2009 - 14:06
Oh, ech hat nach op eng D700s oder x gehofft.
D'gëtt d'D3 dann lo mol mei belleg, d'gëtt nämlech heisch Zait datt ech op Vollformat wiesslen, an wann dann och richteg.

Jaycee
14.10.2009 - 22:30
Kaaf der eng gudd gebrauchten Nikon F100 fiir ca. 300EUR, dann hues eng super Vollformat a nach e ganze Batz Geld gespuert...
Nicon07
15.10.2009 - 13:23
Ech hun elo mol gekuckt. Dat 85mm Macro ass jo een DX-Objektiv. Also am Fong den 105er fir die kleng Sensoren, och wann et reng rechneresch éischter engem 120er FX entsprécht. Dat wier dann also eng ähnléch Iwwereeung vun Nikon wéi de 35mm 1:1,8 DX, deen d'Normalobjektiv fir di kleng Sensore gin ass. Domadder hu mir FX-Freaken dann definitiv näischt gewonnen. a mussen nach mat deem GUDDEN aalen 85mm 1.2,8 schaffen.
Nicon07
16.10.2009 - 17:09
Avis aux amateurs, deemno....
Ech widerhuelen: Fir dat Geld kritt een eng D700 plus eng D300s!!

19.10.2009 - 06:15
Gitt mol eng Kéier heihinner luussen!
http://www.vincentmunier.com/ an da kuckt dir iech d'Slideshow vun der D3S mol un!

19.10.2009 - 20:52
Mengen awer net das daat D3S ausmescht!
daat as deen Typ wou guud as!!!
a la base muss de Fotograf guud sin!!
an den Apparat helleft awer heiansdo! mee z.b eng D90 as guud mee ech well awer keng
geif soen et get eng D700...mol kuken...

19.10.2009 - 22:21
Du hues zweifellos recht, Marc, mais ech hun éischter d'Impressioun, wi wann deen Typ hei séng Fotoe mat 12600 Iso gemaach huet, oder zum Deel. Kuck mol hei: http://macandphoto.typepad.com/files/_vm10155.jpg
an hei den Text derzou: http://www.macandphoto.com/
A wanns du schon esou wäit decidéiert bass, da gräif zou! Mat der D700 gëss du gléckléch, awer honnertpro. Buy it!

gloda
15.12.2009 - 12:01
En Noise-Test vun der D3s: http://diglloyd.com/diglloyd/2009-12-blog.html#_20091212NikonD3s
Pelz
26.12.2009 - 10:17
Ech hun tD3s lo säit 2 Wochen, an ech sin absolut wech vun där Kamera! Top Boitier! Nikon huet sech nees iwertraff .