Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Foto bearbechtung »» Schaffen mat Hëllefslinien
 
Schaffen mat Hëllefslinien
Schaffen mat Hëllefslinien (guidelines) as net weider schwéier, et mecht eng Aarbecht villait em e puer Klick méi laang awer doduerch och duerch gezieltent Asetzen vun Hëllefslinien méi einfach wéi och präzis.

Et kann een mat zwou Methoden Hëllefslinien a seng Aarbecht bréngen, engersaits kann een bei ugeschalten "Linealen" (des lossen sech ablenden andeems een ennert den Menüpunkt "Ansicht" -> "Lineale" uklickt oder einfach den Tastenkierzel "CTRL+R" verwend) einfach mat der "Maus+Lénksklick" sech seng Hëllefslinien einfach an sain Aarbechtsberaich riwwerzéien (onpräzis Art a Weis), aanerersaits kann een awer och mat ganz präzisen valeur'en fueren andeems een mat dem Menüpunkt "Neue Hilfslinie..." fiert - méi dozou:

Grondsätzlech fueren ech mat präzisen Valeur'en well een domat sain Aarbechtsberaich méi iwwersiichtlech gestalt, et as awer jidwerengem sain gudd Recht déi aaner genannten Methode unzewannen.

Fir eng Hëllefslinn unzeleeen klick einfach uewen op den Menüpunkt: "Ansicht" -> "Neue Hilfslinie...".


Doropshin erschéngt eng kléng Fënster wou een bestëmmen kann ob des Hëllefslinn horizontal oder vertikal verlaafen soll. Als Positioun gëtt een dann jeweils den Oofstand vum Rand (oofhängeg vun horizontal oder vertikal) un. Als Unitéit as standardméisseg "cm" agestallt.


Natierlech kann een och aaner Unitéiten wielen andeems een amplaatz vun "cm" zB. "px" (steet fir Pixel) asetzt.


Sou gesait et aus wann een jeweils zwou vertikal Hëllefslinien a sain Aarbechtsberaich bréngt. (dest as zB. nëtzlech wann een sech gaeren eng Rumm fir séng eegen Biller bastelt an dobai vermeiden well dass des Rumm all Kéiers aanescht
ausgesait)

Natierlech kann een d'Hëllefslinien och erem läschen, do gin et erem zwou Methoden; engersaits kann een se mat der "Maus+Lénksklick" drop an se dann zeréck ënnert den Lineal zéihen, aanerersaits kann een se awer och einfach uwielen an dann ënnert dem Menüpunkt "Ansicht" -> "Hilfslinien löschen" erem läschen.

Fir dass een des Linien net onabsichtlech verréckelt (kënnt munchmol vir), kann een des Hëllefslinien och fixéieren; ënnert dem Menüpunkt "Ansicht" -> "Hilfslinien fixieren" oder einfach den Tastenkierzel heifir benotzen: "ALT+CTRL+, (KOMMA)"


Fir dass sech Objet'en un den Hëllefslinien ausriichten muss een des Funktioun aktivéiert hun, fannen maacht dir se ennert: "Ansicht" -> "Ausrichten" oder benotzt den Tastenkierzel "TAB+CTRL+, (KOMMA)".


Hudd dir "Ausrichten" aktivéiert an d'Ojet'en riichten sech awer nach net un den Hëllefslinien aus sou mecht et sin dass ënnert dem Menüpunkt "Ansicht" -> "Ausrichten an" -> "Hilfslinien" desaktivéiert as, wann dest denn Fall as sou aktivéiert dest einfach mat engem Lénksklick. (wéi dir gesidd kënnt dir Objet'en u sougudd wéi Allem ausriichten)


Nach vill Spaass beim Photobeaarbechten - linden philippe alias guardian
Geschriwwen vum guardian 06.01.2006, ass säit deem 17690x gekuckt ginn.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 314 Gäscht online