Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
Tutorials »» Begrëff Erklärungen »» Brennwäit
 
Brennwäit
Brennwaäit, ass e Begreff äus der Strahlenoptik an der Physik, den am Zesummenhang mat Lënsen, an soumat och Objektiven, praktesch daat allerwichtegst ass.
Ech hun hei eng kleng Skizz gemaach, fier ierch kuerz an einfach ze erklären waat daat dann elo ze bedeiten huet:


Daat bloot an der Mëtt, ass eng einfach Lëns, an dësem Fall eng Sammellëns, wéi se och an enger Lupp ze fannen sin.
Den Feil lénks, soll en Objet duerstellen (Och an der Physik gët en Objet an der Strahlenoptik ëmmer duerch en Feil duergestallt). Den Feil riets am Bild, ass daat projezéiert Bild vun der Lëns, quasi d'Resultat wann mier duerch den Fotoapparat oder eng Lupp kucken.
Den Oofstand vum Punkt O op den Punkt F, ass dann déi sougenannten Brennwäit. Et ass den Punkt, den äusmëcht wéi wäit een muss vun der Lëns wech sin, fier en passend grousst oder klengt Bild ze kréien.
Ass den Ofstand vum O op F, mei kleng wéi 2 *F, also 2 mol d'Mooss vun der Brennwäit, gesäit een den Objet mei kléng wéi en wierklech ass. Ass déi Längt awer méi grouss wéi 2 * F, dann gesin mer den Objet méi grouss, wéi en an Wirklechkeet ass.

Réckelt een elo den Punkt F no riets z.b., mussen mer emmer méi wäit wech goen fier en grousst Bild ze gesin. Emgedréit, wann den Punkt géif méi no lénks goen.

Daat ass emol déi einfach Erklärung vun der Brennwäit. Fier daat elo ze erklären genau wéi daat an engem Objektiv geet, huet guer kee Wärt, vu dass an engem Objektiv jo ëmmer méi Lënsen sin. Daat wir vill gerechens, an nach vill Erklärungen wieren néidech. Waat wichteg ass fier d'Fotografie, ass, dass waat méi Brennwäit en Objektiv huet, em sou méi grouss kënnen Saachen um Film/Sensor oofgebild gin. (Daat Bild gët ganz aanescht opgefaangen, wéi an dëser Zeechnung)
Geschriwwen vum Johny 21.09.2005, ass säit deem 21910x gekuckt ginn.
coolpix 27.02.2006 - 18:40
Gudd Erklaerung... wollt ech schon emmer engkeier soen smile.
Johny 27.02.2006 - 23:14
Merci smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 292 Gäscht online