Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Mat Schwong

 
Mat Schwong
Dës Foto ass zur Foto vun der Woch gewielt ginn.
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    06.11.2019
  • Gekuckt:
    137299
  • Favoriten:
    3 (Wen?)
  • Kommentarer:
    15
  • Beliichtungszäit:
    30 sec
  • Blend:
    f/11
  • Brennwäit:
    135 mm
  • ISO:
    100
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1400x920
  • Späicherplaz:
    1300 KB
  • Originaldatum:
  • Fotoapparat:
  • Programm:
    Manual
  • Objektiv:
Kategorie: Natur »» Waasserausbléck  
Extras:
Stativ
ND 3.0

Fir anzesetzen: [pg_img=90250]
Kommentar vum Fotograf:
...tëschent de Fielsen erduerch ..!
rosch2014 06.11.2019 - 11:08
Fantastesch. Di Farwen , di Streimung an deen Kontrast am Bild.
marker 08.11.2019 - 13:32
Merci villmools rosch2014, mech freet et dat d'Bild dech usprécht.
theom 08.11.2019 - 19:16
Do stëmmt alles!!


Hues de am Wasser gestan?
marker 09.11.2019 - 10:46
Mech freet et dat d'Foto gefällt.
Ech stung op engem vun deene gréissere Fielsen am Waasser wou vum Bord aus erreechbar sin, ...alles ouni naass Féiss ze kréien closed_eye
Merci Rob
Eric_1989 09.11.2019 - 08:53
top einfach mega
marker 09.11.2019 - 10:47
Dat freet mech, Merci Eric.
Jean-Jos 09.11.2019 - 19:15
Richteg flott, dee 'flow', d'Faarwen, an d'Bildkompositioun.

Klenge Bémol pour mon vilain goût (dat ass awer lo Soueren op héichem Niveau bigsmile ): d'Aen gi beim Kucken an de rietsen Eck gezun, wou och Waasser gefloss kënnt, awer soss am Bild näischt geschitt; ech géing et nach eng Grëtz méi harmonësch fannen, wann de rietse Steen e gutt Stéck méi ënne wär.
marker 10.11.2019 - 11:58
Jo ech wees wat's de mengs. No uewen schwenken gung net, do ass de Floss gelaf dee minimal mat um Bild ze gesi war an extrem gestéiert huet, wourop ech e puer Millimeter ewech geschnidden hun. Riets a lenks ass den Ausschnëtt esou gewielt fir déi wiéleg Blieder mat um Bild ze hun, do war net vill Choix.
Als Alternativ bléif ënnen e.v.t.l. radikal ewech schneiden an als Panorama ze weisen ???
Merci fir d'Uregung Jean-Jos, a mech freet et dat d'Bild dech usprécht.
Jean-Jos 10.11.2019 - 14:12
gäil déi Panorama-Versioun!!!!
marker 13.11.2019 - 10:39
Merci beaucoup, ...jo, dank denger Propose!!
gtaddei1 10.11.2019 - 16:04
Farwen ass top, expositioun och , mee d'Bildopbau haett ech daat selwescht ewei den Jean Jos gesoot.
Desen Thema ass nie einfach dei richtech Compo ze krein.. Ech geif villeicht de Bleck mei harmonesch gestallten andeems ech eng ganz liicht vignette geif applizeieren ,,, dirigeiert op den files riets uewen
marker 13.11.2019 - 10:35
D'Propose ass gutt, effektiv, an ech hu se nei iwwerschaft, mat Vignette a gefällt mir och besser. Als Foto vun der Woch kann ech se net méi austauschen, dofir kann ee sech se awer a menger Dropbox ukucken wann een de Link (Panorama) an der Äntwert vum Jean-Jos sengem Kommentar uklickt.
Merci gtaddei1, och fir den Tip
gtaddei1 26.11.2019 - 08:49
gaere geschit.. et woor eben ewei ech se emnpfannen beim eischten an 2ten Bleck
t-ren 10.11.2019 - 22:38
Panorama ass wirklich top, mein choix
marker 13.11.2019 - 10:35
Dat freet mech, Merci beaucoup René.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
1 Benotzer an 281 Gäscht online