Vläicht sech e bessen mat de Regelen vu gudder Photographie beschäftegen, do gëtt et eng Drëtter Regel an de goldene Schnitt,
hei soll de Bléck op d'Beem gezu gin, an iwwer een Drëttel vum Bild ass Himmel, deen näischt ausseet, daat mecht lo net daat super Bild
boff ,entweder Dir loost Iech eppes soen a léiert , wéi et hei viirgesinn ass, oder bleift bei ärer Meenung, an da kréien ech zimlech d'Flemm fir hei ze kommentéiren an ze hëllefen
Ech hun et anescht geléiert, an deen goldenen Schnitt ass fir mech Kaabbes! D'gin kéng Regelen fir Fotoe ze maachen!
Sin seit 8 Joer bei fotocommunity.de an hun vill geléiert,...mee een goldenen Schnitt hun ech nach nie héieren.
ech sinn och zenter 8 Joer bei FCde , hun näischt geléiert, do steet an de Kommentaren ëmmer "tolles Bild",a seelen eng konstruktiv Kritik, do mengt een et wier een e Superfotograf!
sin zenter e puer Joer bei "Camera Luxembourg",a maache reegelméisseg bei internationale Concoursen mat, do hun ech eppes geléiert, ënner aanerem , wéi een e gudde Cadrage vun engem Bild mecht. A Reegele ginn et och fir gutt Biller ze maachen, mee wéi bei all Reegelen ginn et Ausnahmen, allerdings sollen Hobbyfotografen do d'Fangeren dervu loosen, well et meeschtens schief ausgeht
hei dann och e bessen Informatioun iwwert de goldene Schnëtt:
http://www.wepreserve.eu/goldener-schnitt-die-komposition-macht-den-unterschied/
Daat dooten ass, wéi wann een éngem groussen Moler oder artiste à la Picasso oder Monet, nemmen als Beispill géng soen, do get et een goldenen Schnett...matt énger Mathematescher Formel (lol)
....dann géng d'Welt déi gréissten Artisten net kennen!
Hallo mischiii, ech sinn begeeschterten Fan vun denge Fotoen, an ech fannen et schued datt mir eis hei mëssverstoen.. Ma ech si fir d'alleréischt awer ganz dankbar fir däi Bäitrag! Dest war absolutt keen ignoranten Ugrëff, ganz am Géigendeel ech versti ganz gudd op waats du uspills mam léiren .. An ech léieren fir mai Liewen gäer ma ech hunn awer beim Fotograféieren a Verarbechten och geléiert op mai Gefill ze vertrauen, wéi eng Foto sech fir mech - an domatt och net onbedengt fir aanerer - sech ganz subjektiv 'gudd' uspiert wann een se kuckt. Et geht och net dorems express Regelen ze briechen déi ganz wuel bestinn an deenen ech mir och bewosst sinn, genausouwéineg huet et matt 'Erkenntnisresistenz' ze dinn.. Ma ech fannen datt déi Reegelen - a mengen Aan - net emmer vläit esou universell mussen sinn.. An dorun dierfen sech menger Meenung no och emol d'kreativ Geeschter streiden, woubäi ech d'Existenz vum Gëllene Schnëtt och akzeptéieren a meeschtens dono fueren.. (cf. och d'"Villchen"-Thematik hei Tribute to Winter )
et ware jo och Äntwerten fir den Patrick63, dee mengt alles besser ze wëssen an nach ëmmer net bekepptt huet,
nuje,
e wärt wuel un der Vielfalt vun de Kommentare mierken, dass seng Biller net sou appréciéiert ginn
schued, dass et enger Denger Foto war