Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

D'Plage fir Sie

 
All Fotoen an dëser Serie:
40550 Thumbnail
40551 Thumbnail
40552 Thumbnail
D'Plage fir Sie
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    04.05.2014
  • Gekuckt:
    23612
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    15
  • Originaldatum:
    08-2012
  • Fotoapparat:
    Leica M9
  • Objektiv:
    50mm
Kategorie: Mënschen & Emotiounen »» Misc  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=78257]
Kommentar vum Fotograf:
“Trouver une forme d’association qui défende et protège de toute la force commune la personne et les biens de chaque associé, et par laquelle chacun s’unissant à tous n’obéisse pourtant qu’à lui même et reste aussi libre qu’auparavant.”

Jean-Jacques Rousseau


... ouf
Zora 04.05.2014 - 18:41
also ganz éierlech, hun ob der eischter Foto net obt Boot gekucktclosed_eye, déi zweet ass super, bei der dretter sans commentairesmile
gtaddei1 04.05.2014 - 21:01
An ... eng street foografie op der plage ... Just dass ech op der Street woar... Also ... et ass net de Physik vun deenen Lait dei ech well weisen mé di rou an wei sie mat ierem daagdéchlechen Element emginn... daat sin Lait dei wunnen do um bord vum Mier... Dei gin do an d'Vakanz well sie do liewen!!!
Zora 04.05.2014 - 21:31
Daat ass mer bewosst, dann ass deng zweet STREETFOTO fir mech déi Bescht, ob der Plage, doclosed_eye
Maimonides 05.05.2014 - 21:39
An d'Boot heescht: MEDOUSA,
Zora.
Zora 06.05.2014 - 14:18
Fraa vläit ochclosed_eye
Mactoner 04.05.2014 - 20:45
ganz schéin an creativ Serie
Konklusioun : nach e bessen zu frei fir op d'Plage Photoen machen zu goen smilesmilesmile
gtaddei1 04.05.2014 - 20:59
smile
jorsch 04.05.2014 - 21:48
Déi drëtt gefält mir am beschten.
Et gesäi een, datt net de grousse Luxus an de leschte moudeschen Dress néideg sinn, fir sech genësslech um Mier ze entspaanen.
Mir gefält och de Rappel vun dem Mierblo an de Kleeder an den Accessoire vun der Fra.
gtaddei1 05.05.2014 - 08:12
Merci ... Et ass genau daat waat mir an d'Aan gefall ass... No topless , keng angscht virun inesthetismus, well deen ass dem liewen sakrifiert gin!
Merci villmols.
Ted_Lapidus 04.05.2014 - 22:23
Daat ass ganz am style vum martin parr. Just dei lescht foto mecht deng serie futti, well se net am selwechten format ass...mdaat ass schued!
gtaddei1 05.05.2014 - 08:10
Fir eierlech ze sin hun net op de format opgepasst mee un der harminie vun der teinung an de sujet. Mein but woor einfach lait , normaler, an hier normal situatioun weisen.
Merci fir stoen bliwen ze sin... Dat eiert mech!
Ted_Lapidus 05.05.2014 - 13:39
Teinung an sujeten sin tiptop...Stell der viir du misst eng austellung maachen... Du wiers roosen/traureg/entäuscht, wells de dei 3. nett kinns dobai haenken...Ech haat awer vergiess der zesoen, dass d'idee mer awer richteg gudd gefällt... Virwaat hues de dei 3. Dann net geloos wei se waar?
gtaddei1 05.05.2014 - 17:47
Well ech villeicht ze lidderech woar se am 2/3 frech ze maan , vu dass ech elei eppes gemeet hun waat ech baal nie maan, dh croppen am Ufang , an net um enn vun der Berarbechtung!
Merci villmols... Mee... Ech machen daat awer nees gudd!!!
He-Lx 05.05.2014 - 17:29
Eng Iddi fir och nach d'grafesch, ausser der farwlecher, Harmonie an deng Serie ze kréien: Du hues viir ëmmer Sand deen eng gewèessen Distanz vum Bord bis bei de Sujet ergëtt. Wanns du déi drëtt esous schneids, dass d'Distanz bis bei de Sujet ongeféier dee selwechten Zouwuess, wéi déi 2. par rapport zur 1. huet, ergin déi dräi Biller niewent eneen eng Diagonal vun de Sujeten. Ass zwar nëmmen eng technesch Remarque déi net op dat Onmateriellt ageet, ma wier eng flott Gestaltungsméiglechkeet, déi vläicht d'Ausso vun denge Billder net zevill massakréiert.
BG Henri
gtaddei1 05.05.2014 - 17:49
Hun total verstaan... daat ass mir absolut net opgefall... dass een daat keint maan... Daat ass eng super Idee...
Thx fir dei wertvoll virschléi!!!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 384 Gäscht online