Super grafeschen Effekt Charel, gefällt mer ganz gutt, ech si mer just nët am Kloren, ob ët nët eventuell besser wär den ënneschte Rand mat der Entrée eweg ze schnippelen...?
Wéi gesäis du daat, respektiv, wéi gesin aanerer daat...?
Ech hat se, fir d'éischt, ouni Garagen cadréiert. Dat ass mir awer gelungen virkomm. De Luuchtepotto houng an der Loft an ech hunn mech gefrot op do iwwerhaapt 1 dës Foto esou kéint novollzéien. Ech hunn dunn e bëssen méi "terre à terre" iwwerluecht, an dat ganzt Haus dann awer gewisen. An deem Fall ass de Kontext jo och kloer, och wann d'Foto villäicht, eng Grëtz, manner gutt ass.
Esou hues de schonns en Oeuvre op der Façade vum Musée!
Mir gefält d'Spigelung immens gutt, et ass e Puzzle, dobäi och nach an de Kontrastfaarwe rout a gréng op neutralem Fong!
Ech hoffen am Musée ass et mat der Konscht esou niveauvoll weidergaangen!