Effektiv war ech zimmléch enttäuscht a frustréiert, datt, trotz der "alerte rouge", nit méi Äisskulpturen an der Baach do waren. Ech stoung scho mam Stativ am Waasser an deelweis och mat de Suele vu ménge Schung an deem ganz Fiichten op de glëtschege Steng. Ech muss mir wierkléch Fëscherstiwwele kaafen fir di richteg photogen Plazen ausreizen ze kënnen.
An dann ass den Challenge hei nach eemol méi grouss gewiescht, datt ech analog mat der schwéierer Mëttelformat-Pentax mat engem 38 mm-Equivalent-Objektiv ënnerwee war.