Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Haff Reimech

 
Haff Reimech
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    21.08.2023
  • Gekuckt:
    4278
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    8
  • Beliichtungszäit:
    1/1600 sec
  • Blend:
    f/20
  • Brennwäit:
    700 mm
  • ISO:
    500
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -2 EV
  • Gréisst:
    1608x1072
  • Späicherplaz:
    936 KB
  • Originaldatum:
    2022:03:11 08:19:20
  • Fotoapparat:
    NIKON Z 7
  • Programm:
    Shutter Priority
  • Objektiv:
Kategorie: Déieren »» Vigel allgemeng  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92732]
Kommentar vum Fotograf:
Haut den Moien agefaangen.
Nicon07 21.08.2023 - 19:28
Flott, dee Bou vun de Drepse mat der Spigelung.


Zwou Froen hun ech zu dëser Foto:

1. Hues du hei vill gecropt? Mir kënnt et vir, wéi wann d'Nilgäns e bësse vill rauscht vir 500 Iso. Ech hu jo och eng Z7 a weess deemno, wéi d'Rauschverhale vun där Cam ass. Oder wierkt et just sou, well d'Blend 20 jo am Fong schon neess Diffraktiounsonschärft verursaacht?

2. Wat fir een Objektiv hues du dann do wann déng EXIFs 700mm Brennwäit ugin? Ee 600mm mat 1,4 Konverter?
rosch-m 22.08.2023 - 07:51
Merci Nicon07 fir deng Analyse .Jo , ech hun se en bësse gecropt an du hues Recht et as effektiv en bëssen Rauschen dran well ech hun spontan mit enger grousser Vitesse geknipst.
Op der Z7 hat ech den Tele 500mm F5,6 plus den Konverter 1,4 alles vun Nicon.
Nicon07 22.08.2023 - 12:52
Ech hun et opgi, mat Konverter ze schaffen. Eemol, well doduerch 1-2 Blende verluer gin an zweetens, well et dach Aboussen an der Quali gëtt. Dofir maachen ech mäi Supertele léiwer op d D500 mam DX-Sensor. Am Fong, kéins du jo op der Z7 och just een Deel vum Sensor benotzen, do ass jo awer nach genuch Opléisung dran, well de volle Sensor jo 45 Mpx huet. Dann häss du nach méi wéi genuch Reserve fir eng Foto, suguer wanns du wéils een DIN-A4 Print dovunner maachen.
rosch-m 23.08.2023 - 14:47
Villmols merci fir deinTip.Ech hun den Aparat op Dx gestallt an den Konverter op d%u2018Seit gemach an mat en pure Fotoen probeiert. An dat Resultat war mei ewei positiv.
Nicon07 23.08.2023 - 20:51
Tiptop! Wann een een décke Vollformat-Capteur huet, da kann ee roueg op DX astelle, well dann huet een nach méi wi genuch Pixelen. Bei de Capteurs vu fréier mat 24mpx, do war d'DX Astellung nit unzeroden.


Et freet méch, wanns du sou besser Resultater kriss.

BG Nico
Paul-H 22.08.2023 - 12:01
Ennert dem Flillek ass och keng Struktur dran, war et net méiglech do nach e bessen méi Déift raus ze keddelen?
rosch-m 23.08.2023 - 14:50
Merci Paul-H. Du hues effektiv Recht. Ech hun et probeiert mee ech hun se net ganz propper kritt.
gunman 25.08.2023 - 18:07
Ech fannen d'Photo och ganz aussergewéinlech, mais ech sin och der Meenung, dass déi Blend 20 ! der Photo net gutt gedon huet.

Quite dass eng méi grouss Blend hätt kennen en Problem mat der Schärft gin, sou hätt sie menger Meenung no awer dem Bild an der Schärft en Vierdeel bruecht (Du hätts dann nach vill méi eng schnell Zeit kennen benotzen waat trotzdem déi Drepsen an d'Waaser net negativ beaflosst hätt).

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
1 Benotzer an 451 Gäscht online