Gudd Iddi, awer den Schied misst méi als den Haaptsujet eriwwer kommen. Wanns de géings d Foto dréien dass den Zebra horizontal steet denken ech dass et méi harmonesch aus gesäit. An dann nach bis op dei schwarz Sträif gecroppt.
Also, di Foto ass original den héiche Wee gemaach. Ech stoung do op enger bréck iwwert d'"Gehege" (wéi seet een dofir op Lëtzebuergesch?) an déi Foto hun ech nu wierkléch och nit gutt fonnt. Mais ech wollt awer eppes mat deem Schied do maachen. Dofir hun ech se gedréint. An da wollt ech kucke, wat dir sou dozou soe géift. Zum Deel spiggelt dat och méng Meenung zur Manipulatioun. Et ass nit fir näischt, datt ech di Foto an d'Katagorie "Just for fun" gestallt hun. Domadder wess jidereen hei, datt ech se selwer nit immens fannen. Mais, ech denke mir, wa Photogen scho moribond ënnerwe ass, da soll een elo awer nit och nach higoen, a just probéiere, diskussiounsaarm Fotoen hei ze weisen. Ech si gespaant op weider Remarquen hei...
ausser dass een mol eng keier daat Zebramuster aus enger aanerer Perspektiv geseit passt net vill.
Den Schied ass geschnidden an duerch den Poteau verdeckt, den Hü leit zimlech schief am Bild. Ech denken wei den wuff, och wann hien et schons probeiert huet an fier net gudd empfond hued, mengen ech ech sie wier besser Heichkannt.
Och wann et net esou schengt, hei ass keng kloer Linn dran.
Dach, dach, du hues ganz Recht. Et war ee versuch wärt, mais dee war nët wierkléch eppes gin. Et duerf een ni vergiëssen, datt de Coco am Pijama nit immobil do soung, mais gemittléch do getrabt ass.
An eng kloer Linn ass ganz sécher nit dran, ausser et invertéiert een d'Foto an een Negativ.