Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Näidsen an der Moiesstonn

 
Näidsen an der Moiesstonn
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (02.07.2023). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    29.06.2023
  • Gekuckt:
    5113
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    1/40 sec
  • Blend:
    f/16
  • Brennwäit:
    51 mm
  • ISO:
    3200
  • Blëtz:
    No Flash
  • Beliichtung:
    -1.3 EV
  • Gréisst:
    2000x1125
  • Späicherplaz:
    985 KB
  • Originaldatum:
    2023:06:21 05:13:12
  • Fotoapparat:
    LEICA SL2
  • Programm:
    Aperture Priority
  • Objektiv:
    16-35mm
Kategorie: Natur »» Landschaften  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=92659]
Kommentar vum Fotograf:
déi zweet
tormi 29.06.2023 - 21:46
Och ganz flott, et ass mei en Gesamtbild wei dei vun leschter Woch obwuel mier dei nach e bessi besser gefällt.
Ech wees net ob ech dei Millen do gelooss hätt ...
Nicon07 29.06.2023 - 22:02
Am grousse gekuckt, zitt déi Eolienne do am der Mëtt vun der Foto de Bléck zevill un. Wier et nit méigléch gewiescht, méi no lénks ze schwenken an dobäi och nach méi Niwwel am Wisegronn a manner Bësch rechts ze cadréieren. Da géif dat Wandrad manner dominant sin an d'Foto méi ausgeglach. Sou hun ech d'Impressioun, wéi wann do zwou Fotoen, déi kee gemeinsame Schnëttpunkt hun, an enger Foto zesummekommen. Amplaz 16:9 ze cadréiere, probéier mol, dee rechtsn Deel weg ze cropen, do wou de Bësch "Zänn" huet.
wuff 30.06.2023 - 05:41
Ouni dat Wandkraaftwierk an der Mëtt hätt een keen Bezuchspunkt, esou kuckt een direkt mol dohinner an dann kann den Bléck no lénks an no rechts wanderen.
Den rechtsen Deel as effektiv zimlech langweileg par Rapport zum lénken Deel, mäis wann ech deen ofschneiden dann fehlt en Deel vum Himmel deen awer och interessant ass. Ech misst rechts en puer Kéi bäipraffen dann wier et méi ausgeglach.
Nicon07 30.06.2023 - 07:58
Déng Argumentatioun ass an der Rei. Effektiv kann een et sou gesin. Looss d'K(é )I closed_eye op der Säit an d'Wandmille gëtt och nit wechgestempelt (wéi den Tom mengt), déi gehéiert an d'Eislek (neierdings).

Wann ech mir di Foto haut de Moien elo ausgerout ukucken, da fannen ech, datt ech gëschter zimmléch knaatscheg war. bigsmile

Looss se sou sin!
tormi 30.06.2023 - 14:53
Et gët Gestempelt!

Nee, Scherz, ech soen jo just, dass ech net wees wei ech et gemaacht hätt.
wuff 02.07.2023 - 09:52
Ech hun se lo mol am 1:1 gecropt
Nicon07 02.07.2023 - 10:27
Ass och eng interessant Optioun. Ech fannen et méi ausgeglach.

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

bei den Beginen

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 628 Gäscht online