Flott Serie, mat där eichter als Favorit, mier gefällt hei virun allem den Bleckwenkel. Mat deser Vue hues dei Plaatz exzellent an Szene gesaat. Et get een quasi an d'Photo eran gezun.
Bei där zweeter ass mier eng Grimmel Rauschen (ass Thema dës Woch )zevill dran.
Solle mir nit mol eng Kéier ënnert eis, déi mir de Photogen fiddere Woch fir Woch, sou Themewochen ausschreiwen? All déi trei Useren, déi regelméisseg hei hir Fotoe weisen, du a méng Wéinegkeet, mir kéinten dach Sonndes Owes z.B. virschloen: "Dës Woch maache mir als Thema: Flou oder Saturation, oder Portrait, oder Street, oder BW, wst weess ech, an da lueden déi di wëllen, eng Foto zu deem Sujet rop. Dat alles niewent deem allgemenge Sënn vu Photogen. Et soll also nit sou ausaarten, datt kee méi eng Foto weist, déi net den "défi" entsprécht. Dat wier jo dann neess just de Contraire vun deem, wat ech mir virstellen. Mais et soll einfach eng kleng zousätzléch Motivatioun si, fir datt mir eis een um aanere moosse kënnen. Vläciht ass dat jo eng Iddi à laisser tomber vu mir?
Mier gif esou eng kleng Wochenaufgab gefaalen. An daat esou wei's du et beschriwwen hues, ouni den normalen Verkeier vun Photogen ze steieren. Ech gif et just net esou beschreiwen, dass mier eis enereneen moossen, mä eben eisen pov vun dem jeweilegen Thema zum Beschten gin, deen natiirlech beschwaat soll/kann gin.
Wou gif dann esou een Thema bekannt gemaacht gin? Forum?
Dat wier eng Méigléchkeet, mais da muss awer och jidereen, deen do mat wëll maache, duer kucke goen. Mol kucken, ob nach hei Leit op dësen Chat reagéieren.
Op den alleréischte Bléck, ganz eendeiteg ee "Gemu"! Do gesäit een, datt et egal ass, ob ee Fotoe mat enger Leica M4 oder engem Reflex amateur débutant mécht. D'Resultat ass dat, wat zielt an dat gëtt wesentléch beaflosst vum Oeil du photographe.
Wéini méchs du eng Ausstellung vun deénge Street aus der Stad am Ratskeller vun Cercle?