Endlech ass de Site erëm online :D An zur "Feier des Tages" lueden ech dofir mol rem eng Foto rop, dës Kéier eng Dronefoto déi ech am September an Island gemaach hunn.
Vu datt et elo ëmmer méi "in" gëtt, di Landschaftsstrukturen, déi ee fréier just aus engem Ballon oder enger Cessna o.ä. konnt fotograféieren, mat Drohnen festzehalen, sin di éischt ëmmer méi vir, an et muss ee scho siche, fir originell ze bleiwen. An awer ass et ëmmer neess impressionnant, wann ee sou Opname gesäit, déi ouni repère, keng Gréisstenuerdnung erméigléchen. An da gesäit een op en Neits, datt eis Welt "fraktal" opgbaut ass, an séch di verschidde Strukturen an deene verschiddene Gréisstenuerdnungen widderhuelen. An dann ass et och egal, wéi eng matière do an d'Spill kënnt: Äis, Wolleken, Fasere vu Kotténg, alles gläicht séch. An da gëllt et just nach, een Ausschnëtt ze fanne, deen pregnant ass. Sou wi hei.
Gutt geschafft, Johny!
An ech freeë méch mat dir, an eis aalen (a manner aalen) Photogenhuesen, datt däi Baby neess reaniméiert gin ass!
Ech war scho laang faszineiert vun esou abstrakten Opnamen, aus genee deene Grenn weis du och erwaehns: et huet ee keng Referenz fir iergendwei eng Greisstenuerdnung ze hunn, et versteet een heinsto knapp wat een iwwerhaapt do gesait grad. Dofir stung dat heite ganz heich op menger Todo fir selwer ze probeieren.