Mir als Eisebunnsfotograf gefällt déng Kompositioun hei och extra gutt. Virun allem, well s du den Zuch hei net als Sujet geholl hues, wéi ech dat gemaach hätt (also dee gnazen Zuch matzen op der Br?ck), mais dervu profitéiert hues, vun den zwou Automotricen, fir déi eng hallef an den ënneschten Eck ze setzen. Sou ass dat, wéi s du schreifs, de Lead, mat deem an d'Bild mat Schwonk ragezu gëtt fir op deem schéinen Himmel an de Gebaier vun der Rumm unzekommen.