O mei nee esou fréi haat ech och net domat gerechent haat d'exifs effektiv net gekuckt, sorry, däi Labo ass jo super schnell déi schaffe bestëmmt no Feierowend, majo Feierprouf mat glanz bestaan, EXCELLENT buy! W?i een Film hues du dra gehaat?
Ech hun ëmmer vun enger Rolleiflex gedreemt, awer ech hun ni eppes Richteges fonnt oder ech hat awer een c. nerveux virun deem Spillchen. Mais wéi ech virun engem klenge Mount eemol mat ménger Fra ee kulturellen Tuur duurch d Stad gemaach hun, a mir do dem Pol Aschmann séng Fotoen an de Cercle kucke waren, (do stoungen och dem P.A. Séng Rolleiflex a séng Leica an enger Vitrine), do ass mäi Wonsch zur Iwwerzeegung gin. Zitat vu ménger Fra virun de quadratesche Fotoen: « Nee, wat sin déi scharf! ».
Wou se recht huet, huet se recht, deng Fra; an hei huet se den Nol voll op de Kapp getraff. Du muss just bessi ëmdenkden beim Komponéieren an Ausrieten, gell du wees wat ech mengen
Esou Diren a Glännere gesäit een effektiv nët méi oft, souzesoe wei's d'eis hei e Stéck 'Baukultur'. Flott a gutt, ëmsou méi, datt d'Bild mat engem Stéck 'Fotokultur' opgeholl gouf.