Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?
 

Esch am Lach

 
Esch am Lach
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    16.08.2021
  • Gekuckt:
    29408
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    7
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    n/a
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x792
  • Späicherplaz:
    493 KB
  • Originaldatum:
    12.08.2021
  • Fotoapparat:
    Nikon F6
  • Programm:
  • Objektiv:
    AF-S 24-70mm 1:2,8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:
Lomography Kino Potsdam 100
Ilfosol 3

Fir anzesetzen: [pg_img=91512]
Kommentar vum Fotograf:
Ech war en Donneschteg, den 12. August 2021, analog zu Esch/Sauer um Tour. Hei ass da mol eng éischt Foto, déi ech vun der Kirch an dder Buerg vum Autopédestre aus gemaach hun.

marker 17.08.2021 - 13:43
Donneschdes analog ënnerwee a schon direkt nom WE e Bild online, ..chapeau Nico!
Ech kënnen dee Film do net, e liwwert op jidde Fall ganz akzeptabel Tounwärter an d'Schärft passt och!
Gutt gemach!
Nicon07 17.08.2021 - 16:54
https://www.youtube.com/watch?v=SHWXEneQpJw

Da kuck mol hei!

A wat den Délai tëscht Fotoe maachen, Entwéckelen a weisen ugeet, do sin ech nawell fex ënnerwee, zanter ech geléiert hu, selwer ze entwéckelen an datt ech dat fir meng Schüler*inne muss maachen. Do ass et och: di eng Woch gi si mir hire Film of an di Woch drop kucken an anlayséiere mir se zesummen. An iwwerhaapt, eng décke hallef Stonn ass dach alles aus an u beim Selwerentwéckele vun engem S/W-Film. Dréchnen dauert och keng Eiwegkeet an scanne vu 36 Biller eng gudd Stonn. An der Vakanz ass dat dach awer dran, oder? Ok, net jideree schafft am Enseignement. bigsmile
Nicon07 17.08.2021 - 17:37
https://www.youtube.com/watch?v=ikn02PPryaA

An da kanns du och nach deen heite Video kucken.
marker 17.08.2021 - 20:56
Entwéckelen ass net déi grous Hexerei, do kënnen ech mech jo e bëssen aus closed_eye, ..dat machen ech wëll geschwenn 45 Joer. Ech duecht eben de Film voll machen, ech hun et e bëssen vu mengem Standpunkt aus gekuckt vu dat ech ganz seelen vill Biller beienee gemach hun an esou war ee 36er éiweg an der Cam.
Merci Nico fir d'Linken, hun d'Video'en mat groussem Intresse gekuckt!


Nicon07 17.08.2021 - 21:33
Normalerweis hun ech ee Film och eng länger Zäitchen am Apparat, mais hei hat ech lo awer grad Loscht, eng Serie ze maachen, an do waren dann 28 Fotoen, déi nach Rescht waren, net zevill.

Ech si frou, wann déi Videoen dir gefall hun. Ech kucken deem Typ séng Filmer och ganz gären. Ech hu méch bei youtube op säi Kanal abonnéiert. Et gefällt mir, datt hie sou schusseleg as an séch dowéinst guer net schummt. closed_eye
Zora 17.08.2021 - 14:38
Ass schon schéin eist Ländchen, sou wei Foto och
Nicon07 17.08.2021 - 16:57
Gell?

Merci gesot!

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 433 Gäscht online