Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Esch/Sauer

Esch/Sauer
Dës Foto ass eng Kéier ersat ginn (21.05.2021). Klick hei fir déi al Versioun ze gesinn
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    19.05.2021
  • Gekuckt:
    19805
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    14
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    n/a mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x804
  • Späicherplaz:
    954 KB
  • Originaldatum:
    Abrëll 2021
  • Fotoapparat:
    NikonF6
  • Programm:
  • Objektiv:
    AF-S 24-70mm f/2,8
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker  
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91354]
Kommentar vum Fotograf:
een Touristemotiv mat "aalem Geschir" fotograféiert.

Lomography 400
Paul-H 20.05.2021 - 19:38
Ganz gudd gelongenen Cadrage.
Just d'stürzende Linien stéieren e bëssen.
Nicon07 20.05.2021 - 20:42
Mir si verwinnt mat dem Digitalen, wou mir ouni weideres dat opriichte kënnen. Praktesch ass et natirléch och méigléch, dat mat gescannten analoge Biller ze maachen, mais dann huet ee jo awer de Charme vun der Authentizitéit vum Argentique nët méi. closed_eye
Paul-H 20.05.2021 - 21:01
De Charme vum analogen geet jo awer net verluer wann een se riicht, oder waat mengs du?
Nicon07 21.05.2021 - 08:19
Nee, natirléch net, mais et muss een se jo awer net riichten, just nëmme well dat haut digital méigléch ass... Ech riichte még digital Architekturfotoen quasi all, mais an dësem Fall war et ebe mäi Choix, den Out of the box ze loossen. Also wat d'Geometrie ugeet, well durch de Scan vum Labo, dee mir de Portra entwéckelt huet, ass et jo eogentléch schn net méi OOTB, an da kënnt nach méng Lightroom-Adaptatioun dobäi.

An da komme mir op de Punkt: Vu datt et, ausser et mécht een een Diafilm a kuckt deen op engem Liichtdësch dee "neutralt "wäisst" Sonneliicht" liwwert, keng wirkléch OOTB-Biller gëtt, kann een och eng analog Foto riichten. closed_eye
Paul-H 21.05.2021 - 12:21
Et voilà, sou gefällt se mir vill besser.
Nicon07 21.05.2021 - 15:10
Ma da sin ech frou, datt méng Beméiungen net fir näischt waren... Merci fir deng streng Remarken! smile
Paul-H 21.05.2021 - 15:16
Ech war dach net streng smile
Nicon07 21.05.2021 - 15:19
Du nit, déng Remark... Mais dat impressionnéiert méch wéineg. Du hues jo an dësem Fall Recht an ech hu jo selwer agesin, datt een di Hëllefsmëttelen, déi engem di modern EBV bitt, och bei analoger Fotografie applizéiere kann a soll.
Zora 21.05.2021 - 18:05
Jo dei ass schon xmol geknipst gin, mee awer och emmer aanescht wei's du hei weist, flott verschafft smile
Nicon07 22.05.2021 - 09:11
Sou ass dat mat touristesche Motiver: et muss ee kucken, datt een se e bësselchen extra knipst... smile
wuff 22.05.2021 - 08:32
Flott Postkaart, mat retro Look
Nicon07 22.05.2021 - 09:10
Sou séier kann et goen... wier d'Digitalphotogaphie ni erfonnt gin an hätt sou ee qualitative Sprong no vir gemaach, da geséichen haut eis Alldagsphotoen nach ëmmer sou aus...

Merci fir dee léiwe Kommentar.
wuff 22.05.2021 - 09:38
Genau, d'Gebeier wieren all schiif an keen géing et stéieren.
Nicon07 22.05.2021 - 09:48
smile

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

Tunnelbleck

Eis Partner

VisionLecuit

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: Javi
Am Ganzen: 3725
keen Benotzer an 342 Gäscht online