Eng Opnaam déi vill Zäit a Gedold an Uproch geholl huet a wou näischt dem Zoufall iwerlooss ass; Tramen déi sech gegkräitzt hun mam Haaptsujet genee op der Bréck an engem schéine Liicht wou dann awer och grad an deem Moment keen Auto op der selwechter Plaaz stéiert - ech muss mir där rout/wäiss Hittercher och mol zouléen - an dann awer di selwecht Autoen déi op der Bréck gestéiert hätten am Hannergronn mat de Bremsluuchten un fir d'Liichtstëmmung ze ennersträichen. D'Gare am Fluchtpunkt vun der Mëtt vun der Strooss, d'gëllen Auer vun der Spuerkees voll am Sonnlicht, an dann last but not least suergt den doucen Schnéifloom fir eng perfekt Harmonie.
Sou vill Zäit hun ech dann awer net dofir gebraucht. Ech hun einfach geward, bis den Tram op der richteger Plaz war. An ech hat einfach Chance, datt grad keen Auto koum, well hannert mir Leit iwwert de Fousgängersträife gaang sin. Di Autoen hannen, déi do bremse, waren 10 Sekonne virdrun nach aus der Avenue Marie-Thérèse op d'Nei Bréck agebeit, an ech hu schon ënnerléch méch virbereed fir ze fluchen... Hun ech awer dun net gebraucht...