Facebook
Twitter
Du bass nach net ugemellt. Mell dech gratis un
ëm wat geet et op Photogen.lu?

Garer Quartier IV

Garer Quartier IV
  • Fotograf:
  • Eropgelueden:
    14.01.2021
  • Gekuckt:
    26429
  • Favoriten:
    0
  • Kommentarer:
    6
  • Beliichtungszäit:
    n/a
  • Blend:
    f/n/a
  • Brennwäit:
    75mm
  • ISO:
    400
  • Blëtz:
  • Beliichtung:
  • Gréisst:
    1200x1200
  • Späicherplaz:
    986 KB
  • Originaldatum:
    2020
  • Fotoapparat:
    Agfa Isolette II (1950-1960)
  • Programm:
  • Objektiv:
    Solinar 75mm f/3.5
Kategorie: Architektur / Stiedt »» Méi al Bauwierker
2. Kategorie: Bewegung »» Fortbewegungsmëttel
Extras:


Fir anzesetzen: [pg_img=91076]
Kommentar vum Fotograf:
Kodak Tri-x 400 Mëttelformat 6x6 Negativscan
Jean-Jos 14.01.2021 - 17:21
Flott Reportagefoto mat soignéiertem Bildopbau, mat e puer Informatiounsebenen. Doucen SW, passt hei ganz gutt, pour 'mon villain goût'.
gemu 15.01.2021 - 13:09
Merci Jean-Paul freet mech wa se gefällt
Nicon07 15.01.2021 - 18:41
Den "Elektreschen" ass e bëssen ze modern, fir datt dat do eng Foto vun deem wier, deen ee gudde Kilometer méi wäit rop an där dote Strooss säin Atelier hat, an deen 1972 méng Kommuniounsfotoe gemaach huet... bigsmile

Awer de Bildopbau ass perfekt hei. Dat ass jo bei sou analoge Fotoen net sou einfach, well da muss jo scho bei der Opnahm sëtzen. Ech weess jo net, ob s du ee Bréil hues, mais ech weess just, datt ech mat ménger Isolette ni de ganze Beräich am Viseur gesin, wéinst méngem Bréil. An haut war et besonnesch eekléch, well dee wéinst der Mask ëmmer ugelaaf ass.
gemu 16.01.2021 - 11:50
Genau ech hätt jo kéinten waaren bis keen Tram do fiert mee dann hätt nach zwou Oberleitungen missen erastëmpelen closed_eye Ech fotograféieren ëmmer mat Brëll, et ass net esou evident, ech muss awer soen dat ech mat der Isolette ganz gud eens gin - besser wéi mat der Leica (!) wou d'Objektiv deemno wéi eng Brennwäit a Liichtstäerkt en Deel vum Sucher ënne riets am Eck verstoppt. Ech sin ëmmer nees erstaunt bei der Isolette wéi präzis dee klenge Viseur ass, de Kadrage op der Foto ass ëmmer esou wéi ech en am Viseur viergesin an haat doweinst nach ni en Auschoss bei der Isolette. Par contre bei der Rolleiflex ass daat absolut net de Fall a muss do vill méi large bei der Opnaam kadréieren. Do hun ech regelméissen vill Auschloss dowéinst. Mat Mask a Brëll eng Foto machen ass wéi wanns de bei enger Spigelreflex den Deckel um Objektiv léiss. unhappy
marker 18.01.2021 - 10:47
..de nouveau,.. all Ëier fir d'Isolette. Fir mech ass et deen diagonalen Tracé wou d'Bild hei ausmécht. Gutt esou Georges!
gemu 19.01.2021 - 17:14
Merci Marc

(Passwuert verluer)

Foto vun der Woch

?Tree whisperer

Eis Partner

LecuitVision

Am Moment online

Keen Member online
 
 
Neisten Benotzer: tomeem
Am Ganzen: 3726
keen Benotzer an 428 Gäscht online